D‘Aussen- a Verdeedegungsministeren aus de 27 EU-Staate kommen haut zu Lëtzebuerg zesummen. Nierft der Fro, wéi d‘Ukrain nach méi vun der EU kann ënnerstëtzt ginn, solle si sech och mam Krich an der Gazasträif an de Spannungen am Noen Oste befaassen. Och eventuell nei Sanktioune géint den Iran stinn zur Diskussioun.
No de rezenten Attacke vum Iran op Israel hat den EU Aussebeoptraagte Josep Borrell d‘lescht Woch annoncéiert, datt d‘EU d‘Sanktioune géint den Iran wéilt verschäerfen.