Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Touriste solle sech am Virfeld informéieren

Fir e besseren Oflaf ronderëm de Stauséi

Touriste solle sech am Virfeld informéieren

Fir ze verhënneren, datt de Verkéierschaos an den Dierfer ronderëm de Stauséi am Summer ze grouss gëtt an d’Plagen ze vill verknascht ginn, gouf déi lescht Joren scho probéiert, d'Fluxen un Dagestouristen anescht ze geréieren. Fir déi nei Saison wäert een domat nach ee Schratt méi wäit goen, seet de Stauséi-Ranger Tom Schmit.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Fir datt een eeben net erëm an d'Situatioun kënnt, dass d'Plagen an d'Stroosse komplett iwwerfëllt sinn, sollen Dagestouristen, déi op de Stau wëlle fueren, elo schonn am Viraus kënne kucke wéi d'Lag op der Plaz ass an dann noutfalls eng alternativ Ausfluchsplaz siche, seet den Tom Schoul. Mat där neier Internetsäit visit-stausei.lu wéilt een d'Leit scho vun doheem aus guidéieren.

"Mir maachen do Previsiounen, wéi wäert et dann op der Plaz ausgesinn, wann elo zum Beispill 30 Grad sinn an et ass an der Vakanzenzäit, Ufank der Summer-Saison, da wäerten déi Luuchten héchstwarscheinlech op Rout stoen."

Wann d'Leit direkt wëssen, datt relativ héijen Andrang op der Plaz ass a si eventuell keng Parkméiglechkeet fannen, da kéinte si direkt no Alternative sichen. Touristen wëllt een de Summer iwwer verstäerkt iwwer Bannere mat engem QR-Code informéieren. 

Bloalgen och dëst Joer een Theema

Déi lescht Jore war Zäit, an där een am Stau sech och tatsächlech Schwammen oder aner Waasseraktivitéite maache konnt, éischter limitéiert, dat wéinst de sougenannte Cyanobakterien, also de Bloalgen, déi sech de leschte Summer scho Mëtt Juli entwéckelt haten.

Och dëst Joer ass nees relativ fréi mat Bloalgen ze rechnen, well de Waasserstand wéinst engem Chantier zu Ënsber huet misste relativ niddereg gehale ginn, wouduerch d'Konzentratioun vun Nährstoffer fir d'Cyanobakterie relativ héich wäert sinn.

Nei Kaart fir de Wandertourismus ze stäerken

Mee op de Stauséi fueren, muss jo net onbedéngt heeschen, dass ee sech am Waasser ofkillt oder op der Plage an d'Sonn leet. D'Regioun ronderëm dee gréissten Drénkwaasserreservoir vum Land eegent sech och ganz gutt fir wanderen ze goen. A fir dee Wandertourismus nach weider ze stäerken, huet d'Stauseekommissioun eng nei Kaart entwéckelt, déi et soll méi einfach maachen, fir sech ze orientéieren.

Lauschterenplay_arrow