arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Toxesch Stëmmung op der uni.lu wieren isoléiert Fäll

Virwërf géint d'uni.lu

|
headphones

1 min

Toxesch Stëmmung op der uni.lu wieren isoléiert Fäll

D'Uni Lëtzebuerg géif d'Virwërf vun ënner anerem Harcèlement, déi verschidde Professeren a Studente géint d'Uni gemaach hunn, zur Kenntnis huelen. Mee et kéint een dat net generaliséieren, sot de Rektor Jens Kreisel en Donneschdeg virun der Press.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Bei engem Protest virun der Chamber virun engem Mount haten e puer Professeren a Studente vun der Uni Lëtzebuerg der Zeitung Le Quotidien gesot, den Aarbechtsklima op der Uni Lëtzebuerg wär, Zitat, "toxesch". Si hunn och vu systeemeschem Harcèlement, Intimidatioun, Menacen an Abus de Pouvoir geschwat.

Den Uni-Rektor Jens Kreisel sot et géif sech ëm isoléiert Fäll handelen, déi awer d’Stëmmung a Situatioun op der Uni net géifen erëmspigelen.

"Notre message est simple, c'est que nous écoutons, nous entendons aussi, nous examinons les situations et nous agissons réellement au mieux et aux besoins. Dans dans une communauté large qui est la nôtre et qui est particulièrement diverse, des désaccords, des tensions peuvent évidemment s'ouvrir et je dois dire très clairement chaque cas de mal-être c'est un cas de mal-être de trop."

Drastesch Mesuren huet d'Uni awer fir den Ament keng geplangt. Déi intern Prozedure vun der Uni fir Litigen an aner Problemer ze léisen, géife gutt fonctionéieren, esou nach de Rektor Jens Kreisel. Et géif een dëst Joer awer nach en Aarbechtsgrupp schafen, deen déi rezent Reprochë méi genee analyséiere soll an dann, wann néideg, Mesuren aféieren.