arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tréier: Uni trauert no zweetem Doud bannent e puer Deeg

Däitschland

|
reading time

1 min

Tréier: Uni trauert no zweetem Doud bannent e puer Deeg

Nom Doud vun enger Tréierer-Studentin ass d'Uni ënner Schock. Nodeems d'Fra dout an hirer Wunneng fonnt gouf, geet d'Police vun engem Mord aus. Och d'Stad Tréier trauert: Et ass deen zweeten Doudesfall bannent just e puer Deeg.

reading time

1 min

Käerze stinn do, wou den 22 Joer ale Student zu Tréier erstach gouf | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Käerze stinn do, wou den 22 Joer ale Student zu Tréier erstach gouf (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

D’lescht Woch war schonn een 22 Joer ale Student an der Géigend vun der Uni ugegraff ginn an u senge Blessure gestuerwen.

Uni a Stad an déiwer Trauer

Dës Doten hätten d’Stad Tréier déif getraff an erféiert, esou de Buergermeeschter vun Tréier an engem Communiqué. Vun haut de Mëtteg hallwer zwou u läit am Biergerzenter e Kondolenzbuch aus, heescht et weider.

D‘Uni Treier schreift op hirem Internet Site, et wier ee fassungslos an an déiwer Trauer. Elo wier et wichteg fireneen do ze sinn an zesummenzehalen. Fir muer de Mëtteg ass an der Kapell um Campus zwee eng Gedenkminutt geplangt – dobäi soll och eng psychologesch Betreiung garantéiert sinn.

Police geet vu Mord aus

Méi genee Detailer zu der Dot ginn et nach net, esou d’Police.

Déi 29 Joer al Fra gouf de Sonndeg dout an hirer Wunneng fonnt, dat nodeems hir Mamm si als vermësst gemellt hat. D’Police sicht aktuell no Zeien.