Am 10 Säite laangen Dokument ass ënner anerem eng Hausse vum Steierkredit fir Mindestlounempfänger virgesinn, dee sech bis e Salaire vun 3.600 Euro degressiv streckt.
Dee Steierkredit fir Mindestlounempfänger läit haut bei 81 Euro de Mount a soll an zwou Etappen op 200 Euro klammen.
Gewerkschafte bleiwe bei der Fuerderung fir eng strukturell Erhéijung
Och wann dat net dat wier wat d’Gewerkschaftsunioun ufangs gefuerdert hat, droen OGBL an LCGB den Accord mat. Trotzdeem géif ee bei hirer Fuerderung bleiwen, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back.
“Also mir stinn dozou: Et ass um Patron an um Betrib d'Paien ze bezuele vun de Leit, dat hätt och missten esou lafen, mee dat war jo ee Blockage complet. Wat mir um Dësch leien hunn, ass netto méi Kafkraaft, grad an den Täschen um Enn vum Mount fir 70.000 Mindestlounempfänger, déi elo 200 Euro méi hunn. An dat mécht richteg eppes aus op engem Mindestloun. Do konnte mer net Nee soen, mee mir bleiwe bei eiser Fuerderung vun enger struktureller Erhéijung vum Mindestloun iwwer d'Paie an net iwwert d'Steieren oder Sozialhëllefen.”
Déi verschidde Mesuren, déi haut ënnerschriwwe goufen, sollen de Staat 450 Milliounen Euro iwwer zwee Joer kaschten.
Ënner dem Titel “Resilienzpak” soll dësen Accord kuerzfristeg eng Entlaaschtung si fir déi méi héich Energiekäschten an e soll d’Energietransitioun an engems virundreiwen.
CGFP: Och Hëllef bei fossiller Energie ass wichteg
Am Resilienzpak si souwuel Subventioune fir Stroum a Gas, wéi och fir Diesel a Mazout virgesinn. Fir den CGFP-President Romain Wolff wier et richteg, datt et och Hëllefe bei fossillen Energie gëtt.
“Et muss een awer och kucke wéi d'Situatioun am Moment ass. Wann ech elo eleng nëmmen de Mazout kucke wéi vill Leit am Éislek notamment kënne just mol mat Mazout heizen. Da kann een natierlech Energietransitioun sech op de Fändel schreiwen. Mee ech mengen deene Leit muss och gehollef ginn.”
Hëllef op der Pompel
D’Accisen op Bensinn an Diesel ginn tëschent dem 1. Juli an Enn Dezember erof. Dës kaschten an där Zäit 5 Cent de Liter manner, soulaang d’Präisser net nees ënnert de Wäert vum 1. Februar falen. Dat ware ronn 1,41 Euro fir e Liter Diesel an 1,43 Euro fir e Liter 95er.
Hëllef bei Energiekäschten
Beim Heizungsmazout iwwerhëlt de Staat vum 1. August un 15 Cent de Liter – beim Gas kréien d‘Stéit vun deem Ament un eng finanziell Kompensatioun vu 15 Cent de Meterkibb. Dat gëllt fir all d‘Stéit, déi maximal 65 Meterkibb d‘Stonn verbrauchen.
Vum 1. August un a bis Enn dëst Joer wëll de Staat déi Stéit ënnerstëtzen, déi bis zu 25.000 Kilowattstonne Stroum d’Joer consomméieren – dës kréie 4 Cent pro Kilowattstonn subventionéiert, zousätzlech zu de Stroumsubventiounen, déi souwisou schonn zu Lëtzebuerg a Kraaft sinn. En Duerchschnëttsverbrauch vun engem Stot zu Lëtzebuerg läit bei 4.000 Kilowattstonnen d’Joer.
Méi Subventioune fir Wärmepompel an energeetesch Sanéierungen
Den Text gesäit ausserdeem en Top-Up vun 2.000 Euro fir nei Wärmepompelen a bestoenden Wunngebaier fir. Dat retroaktiv vum 1. Januar dëst Joer an nach bis den 30. Juni d’nächst Joer. Och ginn d’Subventioune fir energeetesch Sanéierungen an Energieberodunge bis Mëtt d’nächst Joer an d’Luucht gesat.
Bei der Rechnung fir de Conseil en énergie fir en Eefamilljenhaus iwwerhëlt de Staat 300 Euro, bei enger Residence sinn et 500 Euro. Bei energeetesche Renovatioune gi bis den 30. Juni 2027 20 an net méi just 15 Prozent bäigeluecht.
Vun nächstem Joer un: Leasing social fir E-Autoen
De Leasing social fir Elektroautoe gëtt virgezunn a soll den 1. Januar d’nächst Joer a Kraaft trieden.
Muer presentéiert de Premier Luc Frieden dann de sougenannte „Resilienzpak“ an der Chamber. Duerno ass eng Pressekonferenz ugesat, bei där – nieft dem Luc Frieden – och de Vize-Premier Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Lex Delles an de Finanzminister Gilles Roth dobäi sinn.