Vun den op d'mannst 36 Grad dobausse war am ze staark ofgekillte Konferenz-Zenter um Kierchbierg näischt ze spieren. Kolleegen hätten him geroden, am beschten e Pullover matzebréngen, esou ee Responsabele vum Service Presse. Méiglecherweis géif hei e bëssen Energie verschwent ginn.
"Hëtzt war am klimatiséierte Sall ze spieren"
Nawell hätt een dobannen an der Ministerronn déi aussergewéinlech Wierder-Ëmstänn an Uecht geholl, stellt de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes um Bord vun der Reunioun kloer.
"Déi Hëtztwell war an engem klimatiséierte Sall awer ze spieren, well méi wéi ee Land huet drop higewisen, datt mir als Europäesch Unioun eis Klimaziler absolut net däerfen a Fro stellen oder elo verwässeren."
Grad dofir, nämlech méi flexibel ze sinn wat d’Reduktioun vun den Emissiounen ugeet, setze sech an der Debatt iwwer CO2-Emissioune vun Autoen awer verschidde Länner ganz vehement an. Virop Däitschland, wat genee ewéi verschidden osteuropäesch Länner de bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor a Fro stellt.
D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn, an eng ofgeschwächte Versioun vun deem Verbuet proposéiert. Dat goung Berlin net wäit genuch.
Däitschland fuerdert weider Upassungen
Am ëffentlechen Debat um Kierchbierg huet d’Vertriederin vun der däitscher Representatioun bei der EU gefuerdert, datt “ein umfassender, ausgewogener Gesamtkompromiss erarbeitet werden muss, der die Interessen aller beteiligten Mitgliedstaaten berücksichtigt”.
Gefrot ginn eng ganz Partie weider Upassungen. Zum Beispill missten Autoe mat syntheeteschem Kraaftstoff genee ewéi Elektro-Autoe behandelt ginn.
"Wir setzen uns dafür ein, dass Fahrzeuge, die ausschließlich mit erneuerbaren Kraftstoffen betrieben werden, unverzüglich als Null-Emissionsfahrzeuge angerechnet werden können."
Lëtzebuerg a Frankräich halen dogéint
Do, an an aner Punkten, hale Frankräich a Lëtzebuerg dogéint.
"Ces carburants ne sont pas zéro émissions et coûteront très cher”, erkläert déi franséisch Ëmweltministesch Manique Barbut.
Déi Carburante géifen anzwousch anescht gebraucht ginn, seet iwwerdeems de Lëtzebuerger Ëmweltminister.
"Zum Beispill an der Schëfffaart, awer och vläicht an der Fligerei brauche mir warscheinlech déi dote Carburanten. A si stinn net esou zur Verfügung, wéi ee sech dat haut vläicht virstellt."
Mee et gëtt weider Sträitpunkten. D’Kommissioun huet proposéiert, CO2-Emissioune vun Hybrid-Ween nei auszerechnen. Och dat leent Berlin of. Genee ewéi abordabelen, klengen E-Autoen eng Zort Supercredit bei den Emissiounen zouzegestoen.
Alles dat ass fir Däitschland ee rout Duch. Fir anerer wéi Frankräich awer kann een net dohannert goen, wéi d’Ëmweltministesch kloer stellt.
"Nous serons opposés à toutes mesures qui conduiraient à casser le signal d'investissement dans l'électrique ou à remettre en cause la réalité scientifique."
EU-Kommissioun hält u Propos fest
Lëtzebuerg schéngt e bësse méi flexibel ze sinn. Upassunge jo - awer net vum Wee vun de Klimaziler ofkommen, seet de Serge Wilmes.
"Mir sinn ëmmer e bëssen tëschent Frankräich an Däitschland. Mee mir hunn awer kloer Virstellungen dovunner, wéi eis Zukunft soll sinn. Wa mir wëlle géint de Klimawandel a seng Konsequenzen ukämpfe muss dat eng dekarbonéierten Zukunft sinn."
Et wier elo un der Kommissioun, esou den CSV-Minister, déi verschidde Säite beieneen ze bréngen. Den zoustännegen EU-Kommissär Wopke Hoekstra huet sech gëschter hanner d’Propose vun der Kommissioun gestallt.
Déi gutt Nouvelle wier, datt d’Zuele vun de Ventë vun Elektro-Autoen an de leschte Woche spektakulär an d’Luucht gaange sinn.
"D’Wieder dobausse sollt eis effektiv an d’Direktioun vu méi amlaz manner ambitiéisen Ziler dirigéieren."
Dat Wieder awer huet anerer op dësem extreme Summerdag bei dëser Reunioun um Kierchbierg net zu engem Sënneswandel beweegt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.