Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Versprieche fir besser Liewensstandarden: Labour-Partei muss Sozialleeschtung kierzen

Wirtschaft wiisst manner staark wéi erhofft

Trotz Versprieche fir besser Liewensstandarden: Labour-Partei muss Sozialleeschtung kierzen

A Groussbritannie ginn och ënner der Labour-Regierung Sozialleeschtunge reduzéiert. D'Finanzministerin Rachel Reeves annoncéiert haut um Mëttwoch weider Kierzunge bei de Sozialbudgeten an aneren ëffentlechen Depensen.

auto_stories

1 min

D'Labour-Regierung steet ënner Drock: Si huet de Leit versprach, hir Liewensstandarden ze verbesseren, mee déi brittesch Ekonomie wiisst manner séier wéi gehofft gi war. Dofir wiere weider Aschnëtter bei de Sozialausgaben néideg, hat d'Finanzministerin d'lescht Woch ugekënnegt.