Trotz de Pëtrolspräisser léisst d'EZB de Leetzëns onverännert
Wéi erwaart huet déi Europäesch Zentralbank d‘Leetzënsen onverännert bei 2 Prozent gelooss. Et ass elo scho fir déi sechste Kéier hannerteneen, datt d‘EZB d‘Leetzënsen net upéckt, an dat trotz dem Krich am Noen Osten an Haussë bei de Pëtrolspräisser an deemno der Gefor, datt d‘Inflatioun klëmmt.
D‘EZB erwaart awer wéinst dem Krich am Noen Osten an den héije Pëtrolspräisser, datt de Wirtschaftswuesstem gebremst gëtt an d‘Inflatioun massiv wäert unzéien.
D‘Zentralbank vu Frankfurt erwaart fir dëst Joer en Inflatiounstaux vun 2,6 Prozent am Euroraum. Dat ass däitlech méi wéi déi 2 Prozent, déi vun der EZB ugestrieft ginn.