Déi neitsten Zuelen zum Immobiliemarché ginn aus dem neie Rapport vum Logementsministère ervir. Am lueste wier d‘Aktivitéit am Moment um Marché vun den nei gebauten Appartementer. Där sinn der an den éischten 3 Méint vum Joer nëmme knapp 900 Stéck verkaaft ginn. Bei de méi alen Appartementer gëtt et awer eng liicht Reprise.
Och d‘Präisser ginn nach ëmmer liicht no ënnen. An de leschten 12 Méint si se ëm bal 11 Prozent gefall.
D‘Loyere fir Appartementer hu sech zanter dem 2. Trimester d‘lescht Joer stabiliséiert.