Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Look At You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump a Merz si sech eens: Rezent russesch Rakéitenattack gëtt schaarf verurteelt

Krich an der Ukrain

Trump a Merz si sech eens: Rezent russesch Rakéitenattack gëtt schaarf verurteelt

Déi Alliéiert vun der Ukrain hunn déi russesch Rakéitenattack gëschter um Sonndeg zu Sumy verurteelt. Op d'mannst 34 Leit koumen ëm d'Liewen, dorënner zwee Kanner, an 117 goufen der blesséiert. Russland hat zwou ballistesch Rakéiten op den Zentrum vu Sumy am Nordoste vun der Ukrain geschoss.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Alfons Cabrera
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Alfons Cabrera)

Den zukünftegen däitsche Kanzler Friederich Merz huet Russland Krichsverbrieche virgehäit. Den amerikanesche President Donald Trump huet vun enger schrecklecher Attack geschwat. Dat zu engem Zäitpunkt, wou d'USA probéieren, de Krich an der Ukrain duerch Verhandlungen op en Enn ze bréngen.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet den Donald Trump opgefuerdert an d'Ukrain ze kommen, fir sech e Bild vun der Zerstéierung duerch déi russesch Invasioun ze maachen.