D‘Ukrain huet zouginn, datt Russland un der Front am Osten avancéiert ass. D‘Verdeedegungslinne ronderëm Charkiw hätten awer nees kënne verstäerkt ginn, an d‘Ukrain géif hir Positiounen halen, seet Kiew.
Den US-Ausseminister wäert zu Kiew dem ukrainesche President Selenskyj versécheren, datt hien op weider Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann.
Déi nächst amerikanesch Waffeliwwerunge sollen imminent an der Ukrain ukommen. Dat nodeems de Kongress no laangem Blockage virun dräi Woche weider Waffen a militäresch Hëllef fir d‘Ukrain an Héicht vun 61 Milliarden Dollar autoriséiert hat.