Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ben Howard - Keep Your Head Up

play_arrow Live
search

/ US-Ausseminister Rubio fir Gespréicher iwwer den Ukrainkrich an den Noen Osten zu Paräis

Entrevue mam Emmanuel Macron

US-Ausseminister Rubio fir Gespréicher iwwer den Ukrainkrich an den Noen Osten zu Paräis

Den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio ass haut um Donneschdeg zu Paräis a wäert hei vum President Emmanuel Macron empfaange ginn. Am Fokus vun der Entrevue stinn déi international Konflikter, alle virop de Krich an der Ukrain an d’Verhandlunge fir eng Wafferou. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP play_arrow
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

De Marco Rubio ass mam amerikanesche Spezialbeoptraagte fir den Noen Osten, dem Steve Wittkoff, haut um Donneschdeg zu Paräis a wäert niewent dem Emmanuel Macron hei och nach op säi franséischen a britteschen Homolog treffen.

Am Fokus steet dobäi de Krich an der Ukrain an d'Gespréicher iwwer eng Wafferou an e Friddensplang, mee och d'Situatioun am Noen Osten, den iraneschen Nuklear-Dossier an och d'Tensiounen no den amerikanesche Stroftaxe sollen op der Agenda stoen.

Franséischen Arméiminister Lecornu zu Washington

De Spezialbeoptraagten vun den USA, de Steve Wittkoff, hat leschte Freiden eng Entrevue mam russesche President Wladimir Putin a sot um Méindeg, et stéing ee kuerz virdrun an de Verhandlungen ze avancéieren. Dat een Dag no der russescher Attack op déi ukrainesch Stad Sumy, bei där op d'mannst 35 Zivilisten ëm d'Liewe koumen an déi nach eemol d'Drénglechkeet vun enger Wafferou ënnerstrach hat.

Nodeems den amerikanesche President nach am Februar eng séier Léisung fir de Krich an Aussiicht gestallt hat, hunn d'Verhandlungen an de leschte Woche stagnéiert. Frankräich a Groussbritannie setze sech jo fir staark Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain an a bidde sech den USA als Gespréichspartner fir dës un. De franséischen Arméiminister Sebastien Lecornu ass dann och haut zu Washington fir mat sengem Homolog iwwer dës Garantien ze diskutéieren.

Lauschterenplay_arrow