Lufthansa hat argumentéiert, datt sech déi concernéiert Passagéier net un d‘Mesurë géint Covid gehalen hätten, wéi zum Beispill d‘Droe vun enger Mask. D‘Airline hätt a Wierklechkeet awer ni formell ee Passagéier identifizéiert, dee sech geweigert hätt, d‘Mesuren anzehalen, heescht et vun den US-Autoritéiten.
Lufthansa hätt eng intern Formatioun iwwer den Ëmgank mat Antisemitismus an Diskriminéierung lancéiert, esou déi däitsch Fluchgesellschaft.