D'Kanner, déi ëm d'Liewe komm sinn, ware 5, 8 an 11 Joer al. Ee weidert 7 Joer aalt Kand, grad ewéi eng weider Léierpersoun, si mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Klinik komm.
Passant huet de presuméierten Täter erschoss
Ee Passant huet den Teenager beobacht, wéi dee mat enger laanger Waff an d'Schoul eragaangen ass. Doropshin ass hien him hannendru gaangen an huet hien erschoss. Wéi d'Rettungsekippen op d'Plaz komm sinn, hu si den Doud vum presuméierten Täter festgestallt.
An der Schoul soll hie wëll duerch d'Géigend geschoss hunn an huet doduerch och Autoen, déi bausse laanscht gefuer sinn, getraff.
Laut enger Analys vum US-Sender CNN goufen et zejoert op d'mannst 52 Virfäll mat Schosswaffen a Schoulen. Op d'mannst 28 Mënsche goufen dobäi ëmbruecht, 48 weiderer blesséiert.