Radioen

On air

Kultur um 5  |  Melenas - Bang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Medien: Marco Rubio soll neien Ausseminister ginn

Weideren Hardliner

US-Medien: Marco Rubio soll neien Ausseminister ginn

Den designéierte President Donald Trump hätt sech deemno fir säi Parteikolleeg entscheet, dat mellen d'New York Times an de Sender NBC.

auto_stories

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP for NY Post
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP for NY Post

De Rubio gëllt als Hardliner vis-à-vis vu China an dem Iran. An de leschten Deeg gouf ënner anerem och de Richard Grenell genannt.

De Rubio ass zanter 2010 am amerikanesche Senat a war och géint den Donald Trump als Presidentschaftskandidat ugetrueden. Den Trump war deemools bei senger Nidderlag iwwer hien hiergefall.

Iwwerdeem soll de republikaneschen Deputéierte Mike Waltz nationale Sécherheetsberoder am Wäissen Haus ginn. De Waltz gëllt och als Hardliner vis-à-vis vu China a fuerdert en Ëmdenke beim US-Support vun der Ukrain. Donieft missten d'Europäer hire Bäitrag fir d'Defense däitlech eropsetzen.