arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Menacë splécken d’EU – Weider Dialog sichen oder mat der Fauscht op den Dësch schloen?

Virum EU-Sommet

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

US-Menacë splécken d’EU – Weider Dialog sichen oder mat der Fauscht op den Dësch schloen?

D’EU ass sech net eens, wéi soll op déi neisten Annoncë vum US-President Donald Trump reagéiert ginn. Wéi wäit d’Positiounen ausernee ginn, weist ee Stëmmungsbild queesch duerch d’Parteien am Europaparlament. Déi zwou Lëtzebuerger Regierungsparteien sinn dobäi komplett ënnerschiddlecher Meenung. 

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
USA EU Fändel | © Bigstock
USA EU Fändel (Foto: Bigstock)

An engem schéngt een sech quasi eens ze sinn. D’Europaparlament kéint sech dofir ausschwätzen, den Handelsaccord tëschent der EU an den USA, deen am August a Schottland ofgeschloss gouf, virleefeg op Äis ze leeën.

Deen Deal hat d’Douanestaxe fir d’EU-Exporter an d’USA op 15 Prozent festgeluecht, wärend US-amerikanesch Produite gréisstendeels vun Taxe befreit goufen.

EVP: Deeskalatioun als méiglech Äntwert

Et steet nach aus, datt d’Parlament deen Deal guttheescht. De Vott doriwwer soll elo op onbestëmmten Zäit verluecht ginn, esou de Manfred Weber.

"Die Ratifikation, das heisst Amerika kriegt keinen vollen Zugang für null Tarifs zur Europäischen Union und das ist ein mächtiges Power Tool, das wir jetzt in der Hand haben. Und darüber hinaus muss man überlegen, was möglich ist."

De Chef vun der gréisster Fraktioun am Europaparlament, der Europäescher Vollekspartei, där zu Lëtzebuerg d’CSV ugehéiert, bleift awer soss éischter virsiichteg, a wëllt deeskaléieren.

"Ich werbe für europäische Geschlossenheit und Entschlossenheit, aber ich werbe auch dafür, nicht dem Trump-Stil jetzt zu folgen mit einer weiteren Eskalation."

Ganz aner Klack bei de Sozialisten, der zweetgréisster Fraktioun am Parlament.

"Den Trump versteet just d’Sprooch vun deem, deen am stäerksten ass. D’EU huet eng wirtschaftlech Muecht, a muss déi och asetzen."

Dat fënnt d’Fraktiounscheffin vun de Sozialisten Iratxe Garcia Perez. 

Sozialisten a Liberaler: D’Sprooch vum Stäerkste schwätzen

Et sollt een all d’Instrumenter, och déi sougenannt "Handels-Bazooka" mat gréissere Repercussiounen op d’USA notzen.

Dovun ass och d’Valérie Hayer, d’Presidentin vun de Liberalen, iwwerzeegt. Et géif keng aner Méiglechkeet méi ginn.

"On ne peut plus rester les bras croisés et espérer que Donald Trump revienne dans une meilleure réalité."

EKR: "Den Donald Trump hat Recht"

Um rietse Bord awer bréngt een och no de neie Menacë vill Versteesdemech fir den Donald Trump op. Net nëmme bei de Patriote fir Europa, wou d’Orban-Partei Fidesz Member ass. Och bei den "Europäesche Konservativen a Reformer", wou ënner anerem d’Partei vun der italieenescher Premierministesch Georgia Meloni vertrueden ass. 

Zaldoten a Grönland ze schécken, war keng gutt Iddi, seet hire Chef, de Nicola Procaccini. 

"Mir sollten zouginn, datt den Donald Trump Recht hat, datt mir d’Arktis politesch militäresch vernoléissegt hunn. Datt dat ee Feeler war, vun deem Russland a China profitéiert hunn."

Et sollt ee weider op den Dialog setzen, esou d’Devis vum riets-konservative Block.

Op der anerer Säit setzt een op d’Reunioun en Donneschdeg vun de Staats-a Regierungscheffen, op där d’EU hir Reaktioun koordinéiere wëllt.

"Le temps des négociations avec Donald Trump est révolu - j’espère qu’il resultera quelque chose de ce Conseil européen."

Dat mengt d'Presidentin vun de Liberalen, d’Valérie Hayer. 

Wéi soll sech de Luc Frieden positionéieren?

Och de Fraktiounskolleeg vun der Liberaler Cheffin, de Charles Goerens gesäit dat esou, wann och manner kämpferesch.

"Ech sinn der Meenung, datt d'EU awer soll d'Krallen eraushuelen a reagéieren a zimmlech ferm reagéieren."

Mat wéi enger Haltung sollt also de Premier Luc Frieden dohi fueren? De fréieren DP-Minister mécht hei eng Trennung vu Parlament a Regierungen.

"Hie soll oppe sinn, fir eng Léisung, déi awer d'europäesch Éier rett. Ech hunn och elo méi liicht schwätzen hei. Ech muss manner mesures de précaution oratoire huelen, wéi eng Regierung, dat ass normal. Mee d'Parlament kann awer hei en Toun setzen a soen: Dat do geet et elo duer."

Onkloer ass, ob deen Toun och vun de Staats- a Regierungscheffen opgegraff gëtt, wann si um Donneschdeg iwwer déi europäesch Äntwert ënnereneen diskutéieren. 

play_arrow Lauschteren