D’Operatioun Ajax ass eng verdeckten Operatioun, déi d’Geheimdéngschter vun den USA a Groussbritannien - de CIA an den MI6 - 1953 organiséiert hunn, fir am Iran den demokratesch gewielte Premierminister Mohammad Mossadegh ze stierzen an d’Muecht vum prowestleche Schah Mohammad Reza Pahlavi ze stäerken.
D’Konsequenze vun dëser Operatioun wierke bis haut no.
Wirtschaftlech Interessen a Kale Krich
1951 verstaatlecht den iranesche Premier Mossadegh d’Anglo-Iranian Oil Company (haut BP). Doduerch wollt hien déi wirtschaftlech Souveränitéit vum Iran stäerken an där als ongerecht empfonnt brittesch Dominanz en Enn setzen.
Groussbritannien huet mat engem wirtschaftlechen Embargo reagéiert an no internationaler Ënnerstëtzung gesicht.
Am Kontext vum Kale Krich hunn d’USA d’Situatioun net nëmmen als wirtschaftleche Konflikt gesinn, mee och als geopolitesche Risiko interpretéiert.
Washington huet gefaart, datt politesch Onrouen der kommunistescher Tudeh-Partei am Iran kéint Opdriff ginn an doduerch sowjeteschen Afloss an der Regioun vergréisseren.
CIA an MI6
D’Operatioun Ajax gouf op US-amerikanescher Säit vun der CIA koordinéiert, ënner anerem duerch den Agent Kermit Roosevelt Jr., engem Enkel vum President Theodore Roosevelt, an an Zesummenaarbecht mam britteschen MI6 duerchgeféiert.
D’Strategie war eng Kombinatioun vu Propaganda, politescher Manipulatioun a sozialer Destabiliséierung. D’CIA huet systematesch Mediecampagnë géint de Mossadegh finanzéiert, politesch Acteuren an Offizéier bestach an organiséiert Protester a Géigeprotester ugestouss.
Eng éischt Interventioun de 15. August 1953 ass gescheitert an de Schah ass kuerzfristeg an den Exil geflücht. Véier Deeg duerno ass et awer duerch koordinéiert militäresch a politesch Aktioune gelongen de Premier Mossadegh ofzesetzen.
Hie gouf verhaft a spéider ënner Hausarrest gestallt, wärend de Schah zeréckkoum a seng Autoritéit ausgebaut huet. Dat och mat Hëllef vu senger schrecklecher Geheimpolice SAVAK.
Strategesch Kuerzsiichtegkeet
Kuerzfristeg huet d’Operatioun am Iran zu enger Stäerkung vum Schah geféiert an déi wirtschaftlech Kooperatioun mat westleche Staaten nees stabiliséiert. Nei Pëtrolsofkommessen hunn déi international Konsortien agebonnen an de westlechen Zougang zu iranesche Ressourcë garantéiert.
Laangfristeg awer hat dës strategesch kuerzsiichteg Operatioun déifgräifend negativ Konsequenzen. Am kollektive Bewosstsi vum Iran gouf de Schah als Marionett vum Westen ugesinn an d’Perceptioun vun auslännescher Amëschung verstäerkt.
Dëst Narrativ huet eng wichteg Roll an der politescher Mobiliséierung gespillt, déi schliisslech zur islamescher Revolutioun vun 1979 geféiert huet. Mat deenen Auswierkungen, déi bis haut undaueren.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.