arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-amerikanesche Biergerrechtler Jesse Jackson verstuerwen

Am Alter vu 84 Joer

|
headphones

1 min

US-amerikanesche Biergerrechtler Jesse Jackson verstuerwen

Den Jesse Jackson huet sech for d'Rechter vun den Afro-Amerikanesche Bierger:innen agesat an hat sech och e puer Mol fir d'Presidentschaftswale fir d'Demokraten opgesat, awer ouni Succès.

headphones

1 min

© EPA/TANNEN MAURY
(Foto: EPA/TANNEN MAURY)

Den Jesse Jackson huet an de 60er Joren zesumme mam ënner anerem dem Martin Luther King fir Gläichberechtegung gekämpft. Hie war och dobäi, wou de King 1968 zu Memphis ëmbruecht ginn ass. 

Mam Jesse Jackson ass elo eng vun deene bekannteste Schwaarze Stëmmen an den USA gestuerwen.