Radioen

On air

Notturno  |  Jim James - Same Old Lie

play_arrow Live
search

/ Donald Trump seng Walkampfmanagerin gëtt Stabscheffin am Wäissen Haus

Éischt weiblech Cheffe de cabinet

Donald Trump seng Walkampfmanagerin gëtt Stabscheffin am Wäissen Haus

Mam Donald Trump gëtt déi éischte Kéier eng Fra sougenannte Stabscheffin am wäissen Haus. Hien huet elo seng Walkampfmanagerin Susan Wiles dozou ernannt. 

auto_stories

1 min

Si gëtt vu Januar un deemno Chef de cabinet vum neie President. Et ass eng Schlësselpositioun, bei där d‘Susan Wiles den Exekutivbüro vum President mat engen 2.000 Mataarbechter:inne leed, d‘Aarbecht vun de Ministèrë koordinéiert, an och decidéiert, ween Zougang zum President kritt. 

Am Trump senger éischter Amtszeit war dëse Posten e Schleidersëtz: An de 4 Joer hat hie 4 verschidde Leit op deem Posten, notamment de Generol John Kelly, mat deem den Trump herno net méi geschwat huet. De Kelly hat viru kuerzem gesot, den Trump géif ënnert déi allgemeng Situatioun vun engem Faschist falen. Hie soll e puer Mol och seng Bewonnerung fir den Adolf Hitler ausgeschwat hunn.