Déi amerikanesch Regierung vum Donald Trump geet weider géint auslännesch Studentinnen a Studenten op amerikaneschen Unie vir. Den Ausseminister Marco Rubio huet US-Ambassaden a Konsulater beoptraagt, bis op Weideres keng nei Demandë fir esou Visaen unzehuelen.
Demonstrant:innen virum US-Department of Education zu Washington, den 21. Mäerz 2025 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier)
Gläichzäiteg solle Social-Media Aktivitéite vu Visa-Demandeure méi staark iwwerpréift ginn.
An et gouf bekannt, datt Peruaner, déi e Studente-Visa oder eng Green card hunn, aus den USA kënne ausgewise ginn, wa si pro-palästinensesch Aussoe maachen oder d‘Militäraktioune vun Israel an der Gazasträif kritiséieren.
Kritiker gesinn doran ee Verstouss géint d‘Meenungsfräiheet an der amerikanescher Verfassung.