arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA wëlle fréiere kubanesche Staatschef Raúl Castro ukloen

USA/Kuba

|
reading time

1 min

USA wëlle fréiere kubanesche Staatschef Raúl Castro ukloen

Den amerikanesche Justizminister Todd Blanche geheit dem Raúl Castro fir, 1996 mat an den Ofschoss vun engem Fliger verwéckelt gewiescht ze sinn, bei deem och Amerikaner gestuerwe sinn. De Raúl Castro ass mëttlerweil 94 Joer al.

reading time

1 min

De Raúl Castro 2025 | © EPA/ERNESTO MASTRASCUSA
De Raúl Castro 2025 (Foto: EPA/ERNESTO MASTRASCUSA)

Trotzdeem wëllt d'US-Regierung de Raúl Castro ukloen, well hien als deemolege kubanesche Verdeedegungsminister responsabel fir eng Befeelskette gewiescht wier, déi dozou gefouert huet, datt kubanesch Kampffliger iwwer internationale Gewässer op zivil Fliger geschoss haten.