Si mussen nämlech massiv netzen. Dat bedeit: Zousätzlech Aarbecht a virun allem extreem héich Käschten. Trotz dem groussen Opwand kéint d‘Bewässerung de Manktem u Reen net komplett kompenséieren.
Op ville Kulture misst mat méi klengen Erträg ze rechne sinn. An d‘Konsequenze vun der Dréchent vun haut kéinten och nach d’Recolte vum nächste Joer belaaschten.
De Landesuebstbauveräin fuerdert dofir eng intelligent an nohalteg Waasserstrategie fir den Uebst- a Geméisbau. Pilotprojeten an deem Sënn géifen zënter Joren net weiderkommen.