Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?

play_arrow Live
search

/ Positiven Optakt bei de Gespréicher zu Dschidda

Krich an der Ukrain

Positiven Optakt bei de Gespréicher zu Dschidda

D‘Gespréicher zu Dschidda a Saudi-Arabien tëschent der Ukrain an den USA hätte ganz konstruktiv ugefaangen, esou de Chef vun der ukrainescher Delegatioun. Kiew wier prett, alles ze maachen, fir Fridden ze kréien.

auto_stories

2 min

Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA | © Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto
Fändele vun der Ukrain, Russland an den USA (Foto: Photo by Jakub Porzycki/NurPhoto)

Rieds geet beim kruzialen Treffen iwwer een Enn vum russeschen Ugrëffskrich. Et ass dat éischt Treffen zënter dem Eclat am Wäissen Haus.

Vun US-Säit sinn ënner anerem den Ausseminister Marco Rubio an de Sécherheetsbeoptraagte Michael Waltz bei de Gespréicher dobäi. Virum Treffen hätt de Marco Rubio vu Concessioune geschwat, déi d‘Ukrain maache misst, heescht et aus sengem Ministère. An hie soll ugedeit hunn, datt Kiew och erëm méi US-Hëllef erwaarde kéint, wann d‘Gespréicher gutt verlafe géifen. Washington huet rezent d‘US-Militärhëllefe fir d‘Ukrain ausgesat.

Ukrainesch Propos gëtt als villverspriechend ugesinn

Kiew wéilt sengersäits bei de Gespréicher dann eng Wafferou an der Loft an um Mier virschloen. Eng Propos, déi vun den EU-Partner an d'Diskussioun bruecht gouf. 

Och dee geplangten Akkord mat den USA iwwert d'Exploitatioun vu Mineralien an der Ukrain ass Theema bei dëse Gespréicher. Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio sot, déi ukrainesch Propose fir eng limitéiert Waffepaus wier villverspriechend.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gouf gëschter um Méindegowend zu Riad vum saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman empfaangen.

Russland mellt ukraineschen Ugrëff 

Russland huet der Ukrain iwwerdeems virgehäit, mat der massiver Dronenattack hënt op Moskau an d‘Ëmgéigend de Friddensprozess ze stéieren. De Bilan vun den Doudesaffer wier op 3 geklommen, esou déi lokal Autoritéiten. 

Der russescher Arméi no wieren 337 ukrainesch Dronen ofgeschoss ginn, dovun 91 an der Regioun Moskau. Dës Behaaptunge loossen sech den Ament net onofhängeg iwwerpréiwen.

Treffen zu Paräis 

D'Arméicheffe vun de Länner, déi d'Ukrain ënnerstëtzen, kommen am spéiden Dënschdeg Nomëtteg zu Paräis zesummen. Si sollen ënner anerem driwwer beroden, fir am Fall vun engem méigleche Friddensacord Truppen an d'Ukrain ze schécken.

Groussbritannien a Polen bei dësem Treffen derbäi, wat vum franséische President Emmanuel Macron organiséiert gouf.