D‘Enquêteure géife mat grousser Warscheinlechkeet dovun ausgoen, datt et sech am Video ëm de presuméierten 21 Joer alen Attentäter handelt. Am Video géif en awer kee Bezuch op d‘Attentat op der Christopher Street Day huelen, esou däitsch Medien. D‘Bild hat präziséiert, de presuméierten Täter hätt de Video den Dag selwer vum Attentat gemaach.
Eng Mamm vu 65 Joer aus Polen ass beim Attentat gestuerwen. D‘Zuel vu Blesséierten ass offiziell op 31 geklommen. Dat mellt de Buergermeeschter vu Berlin, ouni weider Detailer ze nenne.
Virdru war vun 29 Blesséierte Rieds – dorënner e puer Schwéierblesséierter. De presuméierten Täter ass een Dag no der Attack bei engem Policeasaz erschoss ginn. De Mann war den Autoritéiten als Extremist bekannt a gouf och verurteelt – allerdéngs just op Sursis.