arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ungaresch Regierung kippt dat sougenannt "Kannerschutzgesetz" vun der Orbán-Regierung

Ungarn

|
reading time

1 min

Ungaresch Regierung kippt dat sougenannt "Kannerschutzgesetz" vun der Orbán-Regierung

Dat ungarescht Parlament huet d'Decisioune vun der Virgängerregierung zum sougenannte Kannerschutz ausser Kraaft gesat. Dat Gesetz hat fir ganz vill Kritik gesuergt, well Kannerbicher, an deenen Homosexualitéit thematiséiert gëtt, an eng schwaarz Folie mussen agewéckelt ginn.

reading time

1 min

© EPA/TIBOR ILLYES HUNGARY OUT
(Foto: EPA/TIBOR ILLYES HUNGARY OUT)

2021 hat dem deemoolege Premier Victor Orbán dat Gesetz decidéiert. Domat sollte kannergerecht Informatiounen iwwer Homo- an Transsexualitéit, grad ewéi Geschlechtsupassungen, vu Kanner ewechgehale ginn. 

Duerch d'Gesetz géif Homosexualitéit gläichgestallt gi mat Pedophilie, gouf kritiséiert. 

Den EU-Suen nach méi no 

Am Abrëll schonn hat den Europäesche Geriichtshaff festgestallt, datt dat Gesetz géint EU-Recht verstéisst. Zënter Enn 2022 huet d'EU dowéinst ronn eng hallef Millioun ungaresch Sue gespäert. 

Déi nei Regierung vum Peter Magyar huet elo net just dat Gesetz ausser Kraaft gesat, mee och de Schutz vu Kanner stäerken, andeems besonnesch am Digitalen drop opgepasst gëtt, datt pornografesche Contenu oder Duerstellunge vu sexueller Gewalt net méi fir Kanner zougänglech sinn. 

Zënter datt de Magyar um Rudder ass, probéiert hien déi vun der EU agefruere Gelder fir Ungarn nees ze deblockéieren.