arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Risiko datt Äscht eroffalen: D'Stad Lëtzebuerg rifft d‘Leit op virsiichteg ze sinn

Klima

|
reading time

1 min

Risiko datt Äscht eroffalen: D'Stad Lëtzebuerg rifft d‘Leit op virsiichteg ze sinn

Och d‘Stad Lëtzebuerg rifft d‘Leit op, an de Bëscher a Parken den Ament extra virsiichteg ze sinn. Wéinst der Dréchent besteet méi e grousse Risiko wéi soss, datt Äscht vun de Beem eroffalen. An engem Communiqué preziséiert de Gemengerot, och bei Beem, déi gesond ausgesinn, kéinten Äscht erof falen.

reading time

1 min

Bambësch | © Rick Mertens
Bambësch (Foto: Rick Mertens)

D‘Stad Lëtzebuerg gëtt Leit, déi an de stadter Bëscher a Parken ënnerwee sinn, matt op de Wee allgemeng opmierksam ze sinn a wa Méiglech op Plazen ze goen, déi manner dicht mat Beem bewuess sinn. Et sollt een op de Weeër bleiwen, a sech net laang ënnert engem Bam ophalen.

Feier-Risiko: Oppasse mat Zigarettestëmp

Wéinst der Dréchent warnt d‘Stad Lëtzebuerg och virum Risiko vu Feieren. Si erënnert drun, datt et den Ament streng verbueden ass e Feier ze maachen, och fir ze grillen.

Verbueden ass och, Zigarettestëmp oder iergend en aneren Objet op de Buedem ze puchen, deen e Feier ausléise kéint.

D’Bësch an Naturverwaltung hat gëschter scho gewarnt, datt den "Dréche–Stress" vun de Beem dozou feiere kéint, datt Äscht ofbriechen an erof falen.