D’Valérie Bodson ass awer och am Film doheem. Do kann ee fir Lëtzebuerg sécher e puer Filmer vum Andy Bausch eraushiewen, wéi “Rusty Boys“, “De Buttek“, oder méi rezent “Little Duke“.
Emotioune gehéieren zu hirem Spill
D’Valérie Bodosn ass eng Actrice mat ganz groussen Emotiounen, déi een als Zuschauer scho matrappe kënnen, well si et fäerdeg bréngt, déi Emotiounen ze mobiliséieren an op de Public ze iwwerdroen.
Emotiounen op där enger Säit an dann natierlech och eng immens Energie, déi si op d’Bün oder den Ecran ka leeën.
Déi gréisste Freed un der Schauspillerei ass fir d’Valérie Bodson, datt se d’Méiglechkeet ëmmer nees huet, op der Bün een anere Mënsch kënnen ze inkarnéieren.
De Papp huet de Wee gewisen
Wa mir elo e grousse Schratt an der Zäit zeréck ginn, da si mir bei der Valérie Bodson hirem Papp, dee selwer Schauspiller war. Si huet schonn als Kand e groussen Deel vun hirem Liewen op Bänken oder Hockere vun der Café-Theateren zu Paräis verbruecht.
“Et j’ai vu mon père faire la fête toute sa vie, et donc j’ai eu envie de faire la fête toute ma vie.(...) Enfin voilà, je vais la faire courte, je suis née dedans.”
D’Valérie Bodson ass also an d’Theaterwelt era gebuer an huet hier ganz Kandheet an der Welt verbruecht, an hirem Papp et no gemaach.
“Moi, j’ai quand même eu un papa qui a voué sa vie, oui, je dirais, à la fête, au plaisir. C’est vrai que j’ai eu une enfance où il y avait énormément de gens de la télévision qui passaient à la maison. J’ai vu des gens fous, enfin des fous comme on les aime ou des fous qui font peur. Mais en tout cas des gens qui aimaient énormément, énormément la vie.”
Duerch d’Liese bei d’Schauspill komm
D’Valérie Bodson ass duerch d’Lecture bei de Beruff vun der Actrice komm. Mat 15 Joer huet si ugefaange mat liesen a si huet ëmmer méi an ëmmer geliest.
“Je pense que Victor Hugo a été pour moi un des grands auteurs qui m’aide encore aujourd’hui. Je crois que je suis rentrée dans le théâtre par envie des grandes valeurs, de l’humanité. J’ai un besoin d’humanité, de grandes idées qui font qu’on peut croire en l’être humain.”
L’École du Passage zu Paräis
Hir éischt Kontakter mam Theater hat d’Valérie Bodson, wou si zu Paräis an der “École du Passage” Course bei kontroverséierte franséischen Acteur a Realisateur Niels Arestrup an domadder och verbonnen déi éischt Spektakelen, déi si wärend der Formatioun erschafft hunn.
An nieft hiren aktuellen Aktivitéiten als Actrice an als Regisseurin gëtt d’Valérie Bodson hiert d’Wëssen a Kënnen och weider als Dozentin am Escher Conservatoire.