arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verdächtege vu Schéisserei beim Presseiesse mam Trump wéinst versichtem Mord ugeklot

USA

|
reading time

1 min

Verdächtege vu Schéisserei beim Presseiesse mam Trump wéinst versichtem Mord ugeklot

Den 31 Joer ale Mann aus Kalifornien hätt den US-President Donald Trump an aner héichrangeg Politiker wëllen ëmbréngen, sot de Parquet bei der éischter Geriichtsaudienz. Hie kënnt elo an Untersuchungshaft.

reading time

1 min

© EPA/Yuri Gripas / POOL
(Foto: EPA/Yuri Gripas / POOL)

Iwwermuer ass eng weider Audienz geplangt. Bei enger Verurteelung riskéiert hie liewenslängleche Prisong.

Hien hat d‘leschte Samschdeg e Gala-Dinner fir d‘Press gestiermt a mat enger Flënt op e Sécherheetsbeamte geschoss ier hie festgeholl gouf. De President, seng Fra a Membere vun der Regierung goufen a Sécherheet bruecht. Am Sall wou de President war gouf kee blesséiert.