Iwwermuer ass eng weider Audienz geplangt. Bei enger Verurteelung riskéiert hie liewenslängleche Prisong.
Hien hat d‘leschte Samschdeg e Gala-Dinner fir d‘Press gestiermt a mat enger Flënt op e Sécherheetsbeamte geschoss ier hie festgeholl gouf. De President, seng Fra a Membere vun der Regierung goufen a Sécherheet bruecht. Am Sall wou de President war gouf kee blesséiert.