Radioen

On air

Tockcity  |  Jelani Blackman - Let Me Talk To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdeedegungsministère: "Keng Indikatioune fir Réckzuch vu Material vun US-Arméi"

W.S.A. zu Suessem

Verdeedegungsministère: "Keng Indikatioune fir Réckzuch vu Material vun US-Arméi"

Weder d’Verdeedegungsdirektioun, nach d’W.S.A. (Warehouses Service Agency) hätten Indikatioune kritt, déi op ee Réckzuch vu Material vun der US-Arméi (United States Air Forces Europe) géifen hindeiten: Dat ass d’Reaktioun vum Lëtzebuerger Verdeedegungsministère op Aussoe vum fréiere Colonel Patrick Fautsch en Dënschdeg am Lëtzebuerger Wort.

auto_stories

1 min

W.S.A. | © W.S.A. 2021
W.S.A. (Foto: W.S.A. 2021)

“D’Aussoe vum Här Fautsch si reng spekulativ”, huet de Ministère dem radio 100,7 op Nofro geschriwwen.

D’Wort hat geschriwwen, datt d’W.S.A. zu Suessem vu méigleche Kierzunge kéint betraff sinn. An de fréiere Colonel Patrick Fautsch hat do gesot, datt et net onrealistesch wier, datt US-Truppen aus Europa kéinten ofgezu ginn.

W.S.A.: Hub fir belsch-lëtzebuergesche Batailloun

Dem Verdeedegungsministère no, stéing d’Regierung zur W.S.A. zu Suessem, op där de logisteschen Hub vum geplangte belsch-lëtzebuergesche Kampfopklärungsbatailloun soll entstoen.

Wéi et ëm d’Zukunft vun der W.S.A. zu Suessem steet, wollten och déi béid LSAP-Deputéierter Yves Cruchten a Georges Engel vum Premier a vun der Verdeedegungsminister wëssen: Déi parlamentaresch Fro vun ee Mëttwoch ass nach net beäntwert.