Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verschwannen an Doud vum Emile gi warscheinlech op Friemawierkungen zeréck

Frankräich

Verschwannen an Doud vum Emile gi warscheinlech op Friemawierkungen zeréck

Déi lescht 48 Stonne ware 4 Familljememberen, dorënner d’Grousseltere vum Emile, gehéiert ginn. Am spéide Moien huet de Procureur vun Aix-en-Provence déi rezenst Erkenntnisser bekannt ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth play_arrow
Police Frankräich (Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth)

"D’Verschwannen an den Doud vum Emile gi warscheinlech op Friemawierkung zeréck”. Dat seet de Procureur vun Aix-en-Provence am spéide Moien op enger Pressekonferenz zu de jéngsten Entwécklungen. Déi lescht 48 Stonne ware 4 Familljememberen, dorënner d’Grousseltere vum Emile, gehéiert ginn.

De Moie koumen déi 4 Persounen awer nees op fräie Fouss, well et net genuch Beweiser géint si gëtt.

Am Juli 2023 war de klenge Bouf vun zwee Joer verschwonnen. No massive Recherchë waren am Mäerz zejoert Iwwerreschter vum Jong fonnt ginn.

Pist vun enger Dot bannent der Famil elo mol zou

De Jean-Luc Blachon, Procureur vun Aix-en-Provence, huet de Moien déi lescht Resultater vun den iwwer 60 Expertisen zu där Affär bekannt ginn. Deemno wieren d’Iwwerreschter vum Emile kuerz virun hirer Decouverte op d’Plaz bruecht ginn, an et wieren uerg Blessuren um Kapp vum Bouf festgestallt ginn.

D’Pist vun enger Dot bannent der Famill kéim elo mol op en Enn, kéint awer erëm opgemaach ginn, sot de Procureur nach. Dës Pist wier eng vu villen Hypotheesen: D’Familljemembere wieren ebe present gewiescht, wéi de Bouf verschwonnen ass.

Lauschterenplay_arrow