Domat ass et offiziell, datt si vum 1. Abrëll 2027 hir Mëllech dohinner liwweren, an net méi un d‘Firma Prolek (Producteurs Laitiers Ekabe). Déi hat de Bauere virum Summer gekënnegt.
68 Betriber waren dovu betraff. 50 dovu ginn der also eriwwer. An engem Schreiwes um Mëttwoch huet d‘Luxlait ënnerstrach, datt dësen Deal fir si e Méi u Käschten, un Engagementer an u Riske mat sech bréngt.
Och d'Konsumente kënnen hiert dozou bäidroen
Et wier wichteg, datt de Lëtzebuerger Marché säin eegene Liewensmëttel- an Agrarsecteur weiderhin oprecht ze erhalen.
Et ass dann nach den Hiweis, datt all eenzelen Konsument dozou bäidroe kéint, an deem hie Produite wielt, déi mat Lëtzebuerger Mëllech produzéiert ginn.