Domat bestéing eng ze grouss Ofhängegkeet vu private Promoteuren. Op déi Manéier kéint laangfristeg kee bezuelbare Wunnraum geschafe ginn, esou d'Kritik vun der Oppositiounspartei.
Iwwerdeems hätten d'Zënserhéijungen d'Loyeren an d'Luucht gedriwwen. Déi Lénk plädéieren dofir, ënner anerem ze plafonéieren, an déi ëffentlech Promoteuren ze stäerken.
Fuerderung no enger ëffentlecher Baufirma
Eng weider Fuerderung vun déi Lénk ass d'Schafe vun enger neier nationaler ëffentlecher Wunnengsbaugesellschaft, erkläert den Deputéierten David Wagner.
“Eng ëffentlech Gesellschaft, déi selwer Wunnenge baut, well de private Promoteure kann een dat einfach net aleng iwwerloossen."
Esou eng ëffentlech Wunnengsbaufirma hätt zwee grouss Avantagen, esou den David Wagner.
"Éischtens, et kënnen eebe massiv Wunnenge gebaut ginn, fir normal stierflech Leit. Do wier Qualitéit geséchert an de Präis géif kee Mënsch ruinéieren. An zweetens, wat och ganz interessant ass, et géife massiv Aarbechtsplaze geschafe ginn. Korrekt bezuelten Aarbechtsplaze, wuel verstanen."
Dat a ganz verschiddene Beräicher, preziséiert de lénken Deputéierten.
"An der Planung, an der Architektur, bei de Bauingenieuren, an der Gestioun, an der Administratioun an natierlech nach am Bau selwer."
Dann hätt een och d'Méiglechkeet onofhängeg vun der Situatioun um Marché, ze bauen, esou nach den David Wagner.