Virleefeg EU-Enquête: Facebook an Instagram schütze Kanner net genuch viru Geforen
D‘sozial Online Plattforme Facebook an Instagram schützen Kanner net genuch virun de Gefore vun hiren Inhalter, dat hält d‘EU Kommissioun a virleefege Resultater vun Enquête fest.
D‘sozial Netzwierker géifen domat géint europäescht Recht verstoussen, esou d‘EU-Kommissioun.
Si verlaangt vun de Plattformen, datt si de Mindestalter vun 13 Joer, fir d‘Plattformen ze benotzen, konsequent kontrolléieren an duerchsetzen. Wann net, géif de Mammekonzern, Meta, eng héich Strof riskéieren, esou d‘EU-Kommissioun.