Déi jonk gréng, déi jonk lénk, d'jeunesse socialiste an d'Jugendorganisatioun vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, d'OGJ, hu sech mat Vertrieder vun der Gewerkschaft getraff.
Fuerderungen net just op der Strooss
Et hätt ee sech driwwer ausgetosch, datt d'Suerge vun deene Jonken am Zesummenhang mat der Logementskris ëmmer méi grouss ginn. Dobäi wier ee sech eens ginn, datt et méi eng ambitiéis Logementspolitik brauch, huet et duerno an engem Communiqué geheescht.
D'Fuerderunge vun deene Jonken dierften awer net just op der Strooss Gehéier fannen, mee misste Plaz um Dësch vum Comité du suivi du logement kréien, heescht et nach weider.
Bei der Manifestatioun, déi fir de 27. Oktober geplangt ass, sinn eng Partie Studentenassociatiounen wéi d'UNEL, de Jugendrot an d'Klima Kollektiv. Ënner den Organisateure sinn och d'Jugendparteie vun der LSAP, déi Lénk, déi gréng.
Jugendvertrieder aus de Regierungsparteien DP an CSV sinn net vertrueden, grad wéi d'ADRenalin, d'Jugendpartei vun der ADR.