arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Foussfessel iwwer méi Daten - Gesetzleche Schutz fir Affer geschitt schrëttweis

Affer vu Gewalt

|
reading time

1 min

Vu Foussfessel iwwer méi Daten - Gesetzleche Schutz fir Affer geschitt schrëttweis

Déi gesetzlech Reforme fir de besseren Schutz vun Affer vun sexueller, psychescher, physescher a geschlechtsspezifescher Gewalt sollen an Etappe viru gedriwwe ginn, huet d'Justizministesch Elisabeth Margue (CSV) an der zoustänneger Chamberkommissioun betount.

reading time

1 min

© SMS
(Foto: SMS)

D'Regierung hätt schonn eng Rei Punkten ëmgesat. Dorënner de Centre pour victimes de violance, dee mëttlerweil 24/7 Affer accueilléiere kann. D'Iddi dohannert ass et, datt Affer vu psychescher a physescher Gewalt eng éischt Ulafstell hunn. Do kënne si psychosozial a medezinesch Hëllef, mee och rechtlech Informatioune kréien.

Date sammelen

Elo géif weider u Reformen an Ausweidunge geschafft ginn, huet d’Elisabeth Margue erkläert. Ënner anerem huet si iwwer eng verbessert Erfaassung vun den Donnéeën zur Gewalt geschwat.

Esou solle méi prezis Statistiken zu beispillsweis Femizide kënne gesammelt ginn. Och d’Ausschaffe vun der elektronesch Foussfessel géif momentan virugoen. D'Justizministesch betount d’Wichtegkeet vun der ganzer Thematik: Et wéilt ee séier virukommen.

"Dat hei ass e ganz wichtege Sujet fir eis a mir probéieren dat step by step ëmzesetzen, well mir awer wëssen, datt mir méi schnell weiderkommen, wa mir et an Etappe maachen, wéi wa mir et mat engem Rise Projet de loi maachen, wou mir herno zwee Joer waarden, bis mir en Avis vum Staatsrot hunn."

Ausschlaggebend fir dës Upassunge si Propositiounen aus eng Petitioun vun 2024. Dës war op Initiativ vun der Associatioun “La voix des survivantes” agereecht ginn.