Vum nächste Joer u solle Kreditkaarten an Däitschland a Geschäfter obligatoresch ginn
An all de Geschäfter a Restaurante sollen d'Kaarte vum nächste Joer un akzeptéiert ginn. Den SPD-Finanzminister Lars Klingbeil schafft den Ament un esou engem Gesetzesprojet.
Däitschland ass eent vun deene Länner an der EU an deem digitaalt Bezuele sech am mannsten duerchgesat huet. All zweet Transaktioun leeft nach iwwer Boergeld.
Boer bezuele soll awer och nach weiderhi méiglech sinn.
De Finanzminister wëllt domat verhënneren, datt schwaarz Keesse gefouert ginn oder Steieren hannerzu ginn.