D’Proporiété Intelectuelle wier ee wichtegt Thema fird ’Entreprisen, sief et wann et ëm Innovatioun oder och den Developpement vun neie Servicer oder Produite geet, esou den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.
Onkloerheet bei de Responsabilitéiten
Ënner anerem dofir wier et wichteg gewiescht, eng eenheetlech Ulafstell aus deenen zwou bestoenden ze maachen, déi de Betriber a Froen zum legale Kader oder och allgemeng Informatiounen beispillsweis zum Droits d’auteurs gëtt.
"Ganz oft am Alldag gesäit een, datt et eng Konfusioun gëtt. Zum Beispill Froe ronderëm de Brevet fir den Depot, déi bei deem Enge landen an net bei deem Aneren, d'Entreprisen net wierklech wësse wou se sech solle mellen."
Iwwerdeems soll de Guichet Unique och den Administratiounen d’Aarbecht vereinfachen. Ganzer 15 Ministère si bei deene Froen nämlech deelweis mat am Prozess, wéi de Minister nach sot.
KI als grouss Erausfuerderung
An Zukunft géif de Sujet vun der Propriété Intelectuelle och ëmmer méi wichteg ginn: Stéchpunkt Kënschtlech Intelligenz.
"D’Kënschtlech Intelligenz wäert ganz vill Changementer mat sech bréngen, mee grad do ass de Proprietaire intellectuelle wichteg, an dat ass och an deene verschidde Strategien, déi mir hunn, datt mir opgestallt sinn, datt mir wëssen, wien huet wat kreéiert?"
Domat kéint een och rausfannen, wat iwwerhaapt genotzt géif ginn a wéi eng Basis hannendru stécht.
"Fir och kënnen engem d'Recht ze ginn, eppes ze notzen oder et net ze notzen."
Dat wier awer och eppes wat um europäeschen Niveau géif décidéiert ginn, esou nach de Lex Delles.
Uganks 2028 sollen d’Aarbechte vum neie Berodungsbüro da lassgoen, mat den 12 Leit vum OPI an de 15 vum IPIL. De Gesetzesprojet waart awer nach op den Avis vum Staatsrot.