arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der LSAP bei d’CSV: Den Amir Vesali wiesselt d’Partei

National

|
reading time

1 min

Vun der LSAP bei d’CSV: Den Amir Vesali wiesselt d’Partei

Et ass en net alldeegleche Wiessel an der Lëtzebuerger Parteielandschaft: 100,7-Informatiounen no wiesselt den Amir Vesali vun der LSAP an d’CSV-Fraktioun. Hie war Attaché parlamentaire bei der LSAP a politesch bei de Jonke Sozialisten engagéiert. Do war hie Co-President.

reading time

1 min

Amir Vesali | © Amir Vesali
Amir Vesali (Foto: Amir Vesali)

Do virdru war den Amir Vesali am Jugendparlament aktiv a gouf viru kuerzem an de CET (Centre pour l’égalité de Traitement) gewielt.

Den 28 Joer ale Mann mat iraneschen Originne war an der viregter Legislaturperiod am Norden um Enn souguer éischten Ersatz vun der LSAP fir an d’Chamber.