Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kann een d'Stiet méi resilient géint de Klimawandel maachen?

Logement

Wéi kann een d'Stiet méi resilient géint de Klimawandel maachen?

Wéi kann een d‘Liewensqualitéit an d‘Gesondheet trotz Risike vu Starkreen an Hëtztwellen erhalen? Déi Froe waren Haapttheema op enger Konferenz déi d‘CIPU, d‘cellule nationale d‘information pour la politique urbaine organiséiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Klimawandel | © Bigstock / zlikovec play_arrow
Foto: zlikovec

Déi véier gréisste Stied Lëtzebuerg, Esch, Diddeleng an Déifferdeng sinn hei vertrueden. Bei der Konferenz dobäi waren awer och de Logementsminister Claude Meisch an den Inneminister Léon Gloden.

Eng ganz Rei Vertrieder aus de Gemengen an aus den Urbanistebüroe hate sech fir d‘Theema interesséiert, un der Sensibiliséierung fir d‘Klimaproblematik feelt et op deem Niveau net. Klimaresilient Stat heescht eng Stat esou ze gestalten, datt se op Héichwaasser an Hëtztwelle preparéiert ass, ouni datt d‘Bierger geschiedegt ginn. Dat heescht awer och Schafe vu Schiet, Gréng- a Waasserflächen an Opbrieche vu Beton, sou de Lex Faber, Urbanist am Büro Zeyen et Baumann.

"Well et kloer ass, opgrond vun deenen Defien, déi mer eeben hunn, opgrond vum Klimawandel musse mer aneschters plangen a bauen. An et ass um techneschen Niveau fir deen Ustouss ze ginn. Mee duerno si mer natierlech ëmmer och an engem politeschen Debat."

Claude Meisch: Dat néidegt Bewosstsi schafen

Déi Resilienz déi mat enger Klimaupassung verknäppt, leeft op e puer Niveauen. Um nationalen Niveau mat Katastropheschutz a Landesplanung, um kommunalen Niveau mam ausschaffe vun de PAGen an deene Gréngzonen a Frëschloftkorridoren definéiert ginn. 

Et wier een haut am Stadium "wou mer ee Schratt nom anere maachen a eis emol virwoen, dat doten als Problem kënne wouer ze huelen", seet de Logementsminister Claude Meisch. 

"An ech mengen duerfir sinn esou Konferenze wéi déi heite wichteg an a flott. Hei ware vill Gemengevertrieder dobäi. Et ware vill Acteure vu Planungsbüroen dobäi an et sinn eigentlech déi, déi dat um Terrain do och mussen ëmsetzen."

Den Challenge fir de Logementsminister wäert virun allem dra bestoen, Klimaresilienz an Drock fir nei Wunnengen ze baue mateneen ze verknäppen.

Lauschterenplay_arrow