arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WHO rifft international Gesondheetsnoutlag aus - Ebola-Ausbroch am Kongo

Keng Pandemie

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

WHO rifft international Gesondheetsnoutlag aus - Ebola-Ausbroch am Kongo

D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) schléit Alarm wéinst engem neien Ebolaausbroch an der Republik Kongo. D’Organisatioun huet eng international Gesondheetsnoutlag ausgeruff.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Ebolaausbroch an der Republik Kongo am November 2021 | © EPA/STR
Ebolaausbroch an der Republik Kongo am November 2021 (Foto: EPA/STR)

Bannent de leschte 50 Joer sinn op mannst 15.000 Mënschen an Afrika un de Suitte vun enger Ustiechung gestuerwen. Et ass déi 17. Kéier, datt et am Kongo een Ausbroch gëtt vum geféierleche Virus zënter 1976, mee déi Variant déi aktuell zirkuléiert wier extreem rar an et wäert schwiereg sinn déi anzedämmen, warnt d’WHO.

Keng zougeloossen Impfung fir déi Variant

Ebola ass jee no Variant extreem geféierlech a gëtt duerch Kierperflëssegkeeten a Kierperkontakt iwwerdroen. D’Infektioun provozéiert Hemorrhagien a Féiwer. Déi meescht Ausbréch déi bis elo am Kongo observéiert goufen, sinn duerch d’Variant Zaire vum Ebola ausgeléist ginn.

Déi allerdéngs ass zu 90 Prozent déidlech. Ee Vaccin gouf géint d’Zaire-Variant entwéckelt deen effikass ass. Aktuell zirkuléiert déi méi rar Variant BUNDI-BUGYO géint déi et keng Impfung gëtt, déi zougelooss gouf. 

D’Stierflechkeet ass bei där Variant wesentlech méi niddereg an erreecht trotzdem 50 Prozent.

Wéi wäit dee Virus zirkuléiert, ass fir den Ament net genee gewosst, et ginn ënnerschiddlech Meldungen dozou. D’Weltgesondheetsorganisatioun geet vun 80 Doudeger an der Provënz Ituri am Nordoste vum Kongo aus. Ee Fall wier och an der Haaptstad Kinshasa opgedaucht.

Iwwerdeems wieren zwou Persounen, déi sech mam Virus ugestach hunn an Uganda gereest, eng vun deene Persoune wier scho gestuerwen. 

Déi afrikanesch Gesondheetsautoritéiten hu méi héich Chiffere gemellt mat 336 Verdachtsfäll an 88 Doudeger.

Et feelt u medezinesche Servicer fir d’Isolatioun

Fir de Virus anzedämmen an ze verhënneren, datt et zu enger uerger Epidemie kënnt, missten déi Infizéiert isoléiert ginn, allerdéngs ginn et op deene Plaze keng medezinesch Servicer déi Kranker kënnen en charge huelen. Wéi d’Traditioun et wëllt, bekëmmert sech d’Famill ëm d’Läich déi gewäsch gëtt.

Iwwer dee Wee iwwerdréit sech de Virus awer. Verschidden Organisatiounen ewéi Médecins sans frontières sinn ënnerwee fir d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Mee an där Zon ass et wéinst de Kämpf extreem geféierlech. 

D’Weltgesondheetsorganisatioun fuerdert de Kongo op d’Ausrees vun de Kranken ze verhënneren. Par konter froen se d’Nopeschlänner Leit op de Grenzen ze kontrolléieren, mee d’Arees ze erlaben, soss géifen déi Betraffen iwwer een illegale Wee an déi Länner migréieren.

Da wier et kaum méiglech d’Epidemie anzedämmen. 

play_arrow Lauschteren