Wéi am Referendum vun 2015 d’Erofsetze vum Walalter op 16 Joer vun enger klorer Majoritéit ofgeleent gouf, war déi Fro fir eng Zäitche vum Dësch.
Gutt 10 Joer drop kënnt de Sujet erëm méi dacks op d‘Tapéit, woubäi d’Argumenter vun de Kontrahente kaum geännert hunn.
An der Debatt gëtt gär op auslännesch Beispiller verwisen, wou de Walalter erofgesat ginn ass an doduerch kaum politesch Verschibunge bemierkt goufen, wéi dat villäicht erhofft oder gefaart gouf.
D'Dier oploosse fir nei Diskussiounen
Schonn eleng dat Argument léisst een ophorchen: Entweder hält een déi Jonk vu 16 Joer u fir mündeg genuch an da stellt sech am Virfeld d’Fro net, fir wien si wëlle wielen, oder et gëtt vun de Parteien als politescht Instrument gebraucht, mam Zil, doduerch kënnen ze punkten.
Een aneren Ënnerscheed ass, datt a Lëtzebuerg, am Géigesaz zu deene meeschte Länner, eng allgemeng Walflicht besteet. Verschiddener hu gemengt, et kéint een de Jonken tëschent 16 an 18 Joer ee Walrecht zouloossen, ouni datt dat direkt eng Flicht gëtt.
Dat léisst natierlech d’Dier op fir nei Diskussiounen, ënner anerem iwwer d’Konfusioun tëschent Recht a Flicht, oder op een d’Walflicht net sollt allgemeng ofschafen.
Méi wéi just eng Fro iwwer Recht a Verbuet
Géigner vum Erofsetze vum Walalter weisen drop hin, datt et kontradiktoresch ass, de Jonken engersäits méi Rechter ze ginn, an anerersäits hinnen der ofzestreiden, wéi zum Beispill beim Notzungsverbued vu Social Media.
Och do hinkt dat Argument, well et net just drëms geet, ee Recht oder e Verbuet ze formaliséieren, mee wéi een déi jonk Bierger:inne besser an d‘Verantwortung abanne kann.
An iwwerhaapt: D’Mündegkeet am Sënn vu Selbstbestëmmung an Uerteelsfäegkeet dekretéiert sech net, si kënnt bei jidderengem a senger Liewens- a Wëssensbildung zu verschiddenen Zäitpunkten op.
Wiele vun der Gebuert un?
Et kann een esou eng Diskussioun bis zum Absurdum féieren. Esou plädéiert de Politikprofesser vun der Cambridge University David Runciman fir d‘Erofsetze vum Walalter op 6 Joer. De Politikwëssenschaftler Jonathan Bernstein schléit esouguer vir, d’Walrecht vun der Gebuert un ze erlaben.
Méi konstruktiv ass zu Lëtzebuerg d’Jugendparlament, dat virschléit, d’Walrecht fir Jonker vu 16 Joer u fir d‘Gemengewalen ze erlaben. An am Fall, wou eng Gesetzesännerung duerch den üblechen demokratesche Wee net méiglech wier, een neie Referendum organiséiert soll ginn.
Datt domat d’Diskussioun net wäert ophalen, kann ee sech elo schonn ausmolen, well och bei engem Referendum kënne sech déi Betraffen net dru bedeelegen.
Scho vergiess wat 2021 geschitt ass?
Et misst ee sech villäicht eppes aneschtes afale loossen. Zum Beispill eng landeswäit Consultatioun vun där Alterstranche fir erauszefannen, op a wéi vill bereet wieren, am fréien Alter wielen ze goen.
A fir déi, déi mengen, datt déi Jonk nach net dofir fäeg sinn, esou kann een drun erënneren, datt 2021 iwwer d’Hallschent vun den erwuessene Bierger:inne fir e Referendum iwwer d’Verfassungsrevisioun waren, mee 70 Prozent zouginn hunn, datt si net vill Anung vum Inhalt haten.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.