De Co-Direkter vun der Stëftung Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen, erkläert am 100,7-Interview, datt ee permanent d’Offeren iwwerdenken an nei Theemen usprieche muss, an een u sech der Aktualitéit ëmmer e Stéck hannendru leeft.
All dat wier “e groussen Challenge”.
Konsequent d'Basics bäibréngen
Kritesch denken, sech eng eege Meenung bilden, Informatioune préiwen a Quellen hannerfroen: All dat schéngt am aktuellen Zäitalter net méi esou evident ze sinn. Dat mierkt een och am ZpB.
“Dat si grouss Defien, well fir déi Jonk ass et normal Social Media als Informatiounsquell ze huelen a sech mat KI ze informéieren. (...) Dat ass e groussen Defi, well et ganz, ganz séier evoluéiert.”
Wichteg wier fir hien, datt een d’Grondlage vun der Demokratie weider konsequent bäibruecht kritt: Wéi funktionéiert eng Demokratie? Wat ass de Fonctionnement vun eisen Institutiounen? Wat zeechent d’Demokratie aus?
Intressi an de Workshops ass grouss
Mee wéi vill Intressi hunn déi Jonk dorun? De Marc Schoentgen betount, datt een déi richteg Approche fanne muss, wann een de Jonken eppes bäibrénge wëllt.
“Wann ee si do ofhëlt, wou si sinn an hir Froe sinn, et lauschtert een op si, fënnt een eng grouss Oppenheet. An den Defi ass och bei den Erwuessenen e groussen. Déi hunn déi selwecht positiv oder negativ Erfarunge wat Demokratie ubelaangt.”
Bei hiren Aktivitéite wier eng grouss Begeeschterung bei de jonke Schüler:innen ze gesinn, betount de Co-Direkter vum ZpB.
Op 15 Leit Personal gewuess
Wat d’Upassunge vun hiren Aktivitéiten an Offeren un den aktuelle Kontext ugeet, do géing et kee Rezept ginn, un dat ee sech hale kéint. Generell géing een awer ëmmer probéieren, an den direkten Dialog mat de jonke Leit ze kommen. Dat wier dat Nohaltegst, seet de Marc Schoentgen.
Esou eng Approche verlaangt awer Ressourcen. An de leschten 10 Joer ass den ZpB dowéinst och op 15 Salariéen gewuess.
Et géing sech kee langweilen, mengt de Marc Schoentgen, well ëmmer nees nei Erausfuerderungen dobäi kéimen.
"Et gi keng Froen, déi schlecht sinn"
Eng Erausfuerderung ass sécherlech déi, fir déi Jonk alleguer an hirer Ënnerschiddlechkeet ze erreechen: Vum Schüler am Preparatoire bis zum Primaner, dee Politik wëllt studéiere goen.
Genee dat wier awer den Usproch vum ZpB, ënnersträicht de Marc Schoentgen. An hire Workshops soll jidderee kënnen aktiv ginn.
“Et gi keng Froen, déi schlecht sinn oder net passe wann een iwwer Demokratie schwätzt. Et muss een ausgoe vun deene Froen, déi ee kritt.”
Et misst een och kee Wëssen iwwer d’Demokratie oder déi verschidde Partie matbréngen, betount de Marc Schoentgen.
Negativ Tendenzen net ënnerdrécken, mee opgräifen
Ee Virdeel wann ee mat jonke Leit schafft: Si huelen dacks kee Blat virun de Mond. Dofir géinge si dacks méi direkt Froe stelle wéi déi erwuesse Leit dat maachen.
Esou trëfft een awer och alt mol op Situatiounen, déi grenzwäerteg kënne sinn, wann et zum Beispill an d’Homophobie oder Auslännerfeindlechkeet ofrutscht.
An deene Fäll misst ee kloer Grenze setzen, betount de Marc Schoentgen. Et soll näischt ënnerdréckt, mee opgegraff ginn a gekuckt ginn, firwat sech esou Meenunge bilden.
AfD-Content op Social Media schwappt och op Lëtzebuerg eriwwer
E Grond kéint een an Däitschland rëmfannen. Do mécht de rezente Succès vun der AfD sech och op de Soziale Medie breet. Dat schwappt natierlech och riwwer op déi Lëtzebuerger Jugend. TikTok kennt eebe keng Grenzen.
Grad d’AfD huet bei de rezente Landtagswalen a Sachsen-Anhalt e grousse Succès bei deene Jonken tëschent 18 a 24 Joer verbuche kënnen. Bal 43 Prozent Zoustëmmung hu si an där Alterskategorie kritt.
D’Erklärung ass dacks déi selwecht: D’Leit fille sech ofgehaang an net méi eescht geholl.
Dofir och hire Succès op de Soziale Medien: Do ass déi politesch Kommunikatioun manner inhaltlech.
“A si spille mat Emotiounen, mat der Angscht vun de Leit, vläit manner mat Léisungen, déi et tatsächlech ginn. Populismus nennt een dat esou schéin. (...) Dat erkläert de Succès vun der AfD bei Jonke Wieler, nieft anere sozio-ekonomesche Facteuren, déi Sachsen-Anhalt huet.”
Genee dowéinst wéilt een de kritesche Gedanken an hiren Aktivitéiten ureegen, esou de Co-Direkter vum ZpB, an opweisen, vu wéini un eppes diskriminéierend vis à vis vun engem aneren ass.
Walrecht vu 16 un: Firwat net?
A propos Walen: Rezent an der Diskussioun ass nees d’Walrecht vu 16 un. D’Jugendparteien haten deen Discours nees an de Raum geworf.
Dozou seet de Marc Schoentgen, datt déi Jonk sech dacks selwer näischt zoutrauen a sech onsécher beim Theema Politik a Wiele goe sinn.
“Mir sinn ze jonk, mir verstinn näischt vu Politik.”
Dobäi wier et wichteg ze ënnersträichen, datt ee fir Wielen ze goe kee politescht Wëssen bréicht, mengt de Marc Schoentgen. Mee déi Jonk wieren eeben hir eege gréisst Kritiker.
Et kéint een eventuell awer iwwer e Walrecht mat 16 oder 17 nodenken. Schliisslech misst een de Jonken och eppes zoutrauen an deenen eng Chance ginn, déi se wéilten.
Wa just déi Leit dierfte wiele goen, déi Demokratie definéiere kënnen, da géingen och vill Erwuessener vun de Walen ausgeschloss ginn, seet de Marc Schoentgen.