Déi fënnef Anlagen an de Gemenge Rammerech, Ell a Réiden sollen all Joer bal 50 Gigawattstonnen erneierbare Stroum produzéieren. Dat entsprécht dem jäerleche Stroumverbrauch vu ronn 10.500 Stéit, an deene véier Leit liewen.
Anlage ginn heinsdo ausgemaach
Am Kanton Reiden wunnen den Ament bal 22.000 Leit.
An engem Communiqué deelt Soler, de Produzent vum Stroum, mat, datt d'Wandanlagen vum 1. Abrëll bis den 31. Oktober nuets ausgemaach ginn, wann d'Wandvitessen ënner 7 Meter an der Sekonn leien, an d'Temperaturen iwwer 10 Grad leien. Dat wier fir d'Fliedermais ze schützen, heescht et.
Och goufe beispillsweis spezielle Blumme ronderëm d'Wandlage geplanz, fir d'Biodiversitéit an der Géigend ze schützen.