arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann de Spaass zur Gefor gëtt - Op wat ee beim Schwamme goen oppasse muss

CGDIS

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wann de Spaass zur Gefor gëtt - Op wat ee beim Schwamme goen oppasse muss

Duerch de Klimawandel klëmmt de Risiko vum Erdrénken. Dës Warnung kënnt vun der WHO, déi een éischten Aktiounsplang "Protect" verëffentlecht huet, fir d'Zuel vu Leit, déi erdrénken, ze reduzéieren. Datt duerch de Klimawandel dee Risiko klëmmt, confirméiert de Chef vum Waasserrettungsgrupp vum CGDIS.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stauséi Plage | © Vincent Lescaut
Stauséi Plage (Foto: Vincent Lescaut)

Dem Kim Melchers no géifen et awer weider Ursaache ginn, déi zum Erdrénke kënne féieren.

Iwwerschätze spillt eng grouss Roll

D’Leit géife sech méi iwwerschätzen, wéi dat vläicht fréier de Fall war, zum Beispill beim Schwammen am Stauséi, esou de Chef vum Waasserrettungsgrupp vum CGDIS.

"Da kënnt eeben och dobäi – an ech mengen dat ass dat, op dat d’WHO erauswëllt, mam Klimawandel – datt duerch déi grouss Hëtztwellen (...) d’Leit natierlech éischter d’Waasser sichen, an domat sech natierlech och engem gewësse Risiko aussetzen."

D'Schwammqualitéite loossen ze wënschen iwwereg

Pro Joer hätt de CGDIS am Duerchschnëtt zwee bis fënnef Asätz wéinst Onglécker vun Erdrénken oder méiglechem Erdrénken. De Kim Melchers stellt awer eppes fest.

"Déi Jugendlech, respektiv d’Kanner vun haut, hunn einfach net méi déi nämlech Capacitéite vum Schwammen, wéi dat nach vläicht virun 10 oder 20 Joer de Fall war. Dat eng Kéier kombinéiert mat enger genereller Iwwerschätzung vu hire Capacitéiten, dat ass natierlech geféierlech."

Positiv wier awer, datt an de Schoulen hei am Land nach iwwerall Schwammunterrecht kéint ugebuede ginn.

"Natierlech ass e gudde Schwëmmer ni do virdru geschützt, datt eppes ka geschéien. Mee de Risiko gëtt einfach esou wäit erofgesat, datt dat u sech manner bis guer net méi geféierlech ass dat Ganzt."

Alkohol a fettegt Iessen sinn eng schlecht Kombinatioun fir an d'Waasser

Déi wichtegst Recommandatioun bei den héijen Temperature wier, sech gutt ze iwwerleeën, ob een iwwerhaapt wëllt schwamme goen, esou de Chef vum Groupe de sauvetage aquatique.

"Mee wann ech mech dozou decidéieren, datt ech zum Beispill um Stau oder och op anere Plaze (...) schwamme ginn, datt d’Leit sech wierklech dorop preparéieren. Alkohol wierklech miniméieren, well Alkohol an Hëtzt a kaalt Waasser, dat verdréit sech natierlech net gutt. Genee esou wéi fettegt Iessen."

Eltere sollen hir Kanner beim Waasser déi ganzen Zäit am A behalen, recommandéiert de Kim Melchers vum CGDIS och nach.

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO wier Erdrénken eng vun den heefegsten Doudesursaache bei Kanner vu 5 bis 14 Joer.

play_arrow Lauschteren