D‘LSAP hat eng Demande gemaach fir vum neien Aarbechtsminister an d’Bild gesat ze ginn, wat am Kader vum Nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut um Niveau Travail virgesinn ass.
Zesummenaarbecht tëschent ADEM an Office national d'inclusion verstäerken
Am Nationalen Aktiounsplang géint d‘Aarmut wier ënner anerem eng Harmoniséierung vun de Contrat-d'appui-emploien (CAE) an Contrat-d'initiation-à-l'emploien (CIE) virgesinn, déi sech u Jonker ënner 30 Joer riicht, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, wéi den Aarbechtsminister Marc Spautz erkläert.
"Hei geet et drëm, datt déi finanziell Mesurë gläichgestallt ginn tëschent den zwee Aart a Weisen, an datt et nëmmen nach ee System gëtt, (…) fir domadder och den administrativen Opwand ze änneren."
Eng weider Mesür wier, d’Zesummenaarbecht tëschent dem ONIS – dem Office national d’inclusion– an dem Aarbechtsamt ze stäerken. Hei géifen et den Ament ze laang Iwwergankszäite ginn, bedauert och d’Djuna Bernard vun déi gréng.
Leit, déi an enger TUC Mesure wieren - also Leit déi de Revis kréien an ee Stage maachen, fir duerno agestallt ze ginn - géife riskéieren, an ee Lach ze falen.
"Well et der ADEM duerno net esou weidergeet, wéi si et vläicht da missten a wou duerno deen dee Risiko vun deem Elan a vun deem Suivi, dee virdru vläicht méi intensiv do war an dann awer sech verännert."
Keng Informatiounen zum Mindestloun
Zu de méi kriteschen Dossieren ëm d’EU-Direktiv vum Mindestloun an de Kollektivverträg konnt den CSV-Aarbechtsminister an der Chamberkommissioun net Ried an Äntwert stoen. Hei wier een nach am Austausch mat de Gewerkschaften, esou de Marc Spautz
Den Nationalen Aktiounsplang géint d‘Aarmut war den 8. Dezember vun den zoustännege Ministere virgestallt ginn. Wéinst dem Georges Mischo sengem Récktrëtt een Dag virdrun, konnt een op de Volet Travail nach net am Detail agoen.