search

/ Wat ass wuel an engem vun den 30.000 Päck, déi all Dag verluer ginn?

E-Commerce

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Wat ass wuel an engem vun den 30.000 Päck, déi all Dag verluer ginn?

30.000 Päck ginn all Dag eleng a Frankräich verluer respektiv net recuperéiert. Mee wat geschitt am Fong mat deene Commanden, déi ni bei hirem Destinatär ukomm sinn. Bis nach virun e puer Joer goufen déi meescht vun dëse Päck vernicht.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

King-Colis ass eng franséisch Societéit, déi zënter zwee an engem hallwe Joer verluere Päck bei grousse Logistik-Firmaen opkeeft a se als “Iwwerraschungspäck” nees an d’Vente gëtt, och zu Lëtzebuerg.

Den Ament ass hire Pop-up am Shoppingzenter op der Cloche d’Or. 

Queesch uechter Europa

Moies um 10 Auer war et nach relativ roueg op der Cloche d’Or am Shoppingzenter. D’Geschäft mat de verluerene Päck géif gutt lafen, wéi de Lucas Orbelli, Responsabele fir d’Evenement vu King-Colis hei zu Lëtzebuerg, erzielt.

Et wier schonn dat véiert Joer, datt si mat hirem Pop-up-Store hei zu  Lëtzebuerg wieren, esou de Lucas Orbelli.

"On est partout en Europe, on essaie de faire deux à trois ventes par semaine partout en Europe, à ce moment même on a une vente qui est en Suède aussi, donc oui ça se passe bien."

De Lucas Orbelli steet an engem ofgetrennte Beräich um éischte Stack vum Shoppingzenter.

Zwou Kategorië vu Päck

An engem Hallefkrees ronderëm hie stinn eng hallef Dose grouss, hëlze Këschten, déi bis uewen hi mat Päck an alle Formen a Faarwe gefëllt sinn. Et ginn zwou Kategorië vu Päck. Bezuelt gëtt op d’Gewiicht, wéi de Responsabelen erkläert.

"Donc on a deux typologies de produits, on a des produits standards et des produits premium. Les produits premium c'est des produits Amazon. Et le prix du coup est différent. On est sur 2,29 Euro les 100 grammes pour le standard et 2,99 Euro les 100 grammes pour du premium."

D‘Societéit keeft d’Päck bei grousse Logistik-Firmaen, déi op de Päck, déi net konnten ausgeliwwert ginn, sëtze bleiwen.

Cadeauen, déi verluer gaange sinn

Dat kënne Päck vu Privatleit sinn, beispillsweis e Cadeau, deen eng Persoun X un eng Persoun Y schéckt, an deen ni ukënnt, well d’Persoun, fir déi de Cadeau geduecht war, vläicht net méi op där Adresse wunnt. Gréisstendeels sinn et awer Päck, déi online bestallt goufen, an déi vläicht net mat Zäit fir Chrëschtdag ukomm sinn - an duerno vergiess ginn. Oder an der helle Wull u Päck, déi all Dag bestallt ginn, ënnerginn.

"Souvent les clients, quand ils perdent leur colis, ils font une réclamation et généralement que ce soit la marque en tant que telle, elle va rembourser le consommateur, mais souvent le colis reste perdu et ils vont pas s'embêter sûrement à essayer de retrouver ce colis pour le réapatrier dans leur marque."

Dëst Konzept spillt och mam Virwëtz vun de Leit: Datt een absolut net weess, fir wien dee Pak bestëmmt war a wat wuel dran ass, wier Deel vun der Experienz, esou de Lucas Orbelli.

De Virwëtz vun de Leit waakreg rëselen 

Un der Form an dem Emballage, mee och um Gewiescht, doru wéi de Pak sech ufillt oder wat fir ee Geräisch e mécht, wann een e rëselt, kann ee probéieren ze erroden, wat dran ass.

Lues a lues kommen och déi éischt Clienten an de Pop-up-Store. Een Här seet, fir hie wier d’Päck aussiche wéi Lotto spillen, et muss een eebe Gléck hunn. Eng aner Damm ass mat hirem Jong do.

Si hätte schonn dacks vun dëse Venten héieren a wier elo ganz gespaant, wat fir verluere Schätz si haut vläicht fannen.

"Je pense que c'est plus le fun de découvrir un truc sympa, parce qu'on peut pas, comme on ne sait pas ce qu il y a dedans, c'est plus la découverte en fait, c'est ça, comme quand on était enfant, les colis surprises ou voilà."

Déi spektakuläerste Saachen, déi Leit bis elo fonnt hätten, wieren e Goldbarre gewiescht, eng Rolex oder och eng Pokemonskaart, déi warscheinlech net méi wéi 10 Euro kascht huet, mee e Wäert vu geschate 4.000 Euro hat, esou de Lucas Orbelli.

"Et après on a eu pas mal de produits électroniques, que ce soit des tablettes, des Airpods, des ordinateurs, voilà, un peu de tout."

Ronn 1 Prozent op 5 Tonnen, also 50 Kilo vun de Saachen an de Colise wiere beschiedegt, esou nach de Responsabele vum Evenement zu Lëtzebuerg op Nofro hin.

Kreeslafwirtschaft als Iddi dohannert

D’King-Colis ass eng kommerziell Entreprise. Dat heescht si maache Profit mat dësem Geschäftsmodell. D’Iddi dohannert wier awer mat enger Kreeslafwirtschaft, den negativen ökologeschen Impakt, deen den E-Commerce notamment mat sech bréngt, wéinstens e bëssen ze limitéieren.

"On essaie de leur donner une seconde chance en les revendant à des clients du coup, surtout pour réduire les déchets."

Dee Moie war iwweregens näischt Spektakuläres an de Päck, déi op der Plaz opgemaach goufen. E puer Crèmen, Kleeder a Wäschpolver.

Wie weess, vläicht ginn eng Partie vun de Saache jo nees op diversen Online-Sitten als Secondhand-Wuer verkaaft. A wann de Pak net beim Destinatär ukënnt, da lant en d’nächst Joer vläicht nees hei, bei den abandonéierte Päck.

play_arrow Lauschteren