De Projet reit sech fir d'Regierung an eng Serie vun Texter an, mat deene méi Wunnengen hei am Land solle geschafe ginn. Dofir gëtt d'Naturschutzgesetz do, wou et der Regierung no ze vill restriktiv war, méi flexibel gestallt, wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes bei der Presentatioun erkläert huet.
"Wierklech d'Ambitioun, op där enger Säit kënne mënschlech Aktivitéite wéi d'Bauen erlaben, an op där anerer Säit och erméiglechen, datt mir een héije Schutz hunn an och Qualitéit hu vun der Natur, vun der Ëmwelt an och vum Klima."
Manner Kompensatiounsmesuren
Den éischte Volet gesäit vir, datt an den Uertschafte vill méi einfach ka gebaut ginn, ouni datt d'Natur, déi zerstéiert gëtt, kompenséiert muss ginn. Dat gëllt virun allem fir méi kleng Bauplazen, déi zënter manner wéi 15 Joer broochleien.
Virgeschriwwe Kompensatiounsmesurë kënnen an Zukunft och ganz no bei där Plaz realiséiert ginn, wou Natur ewechgeholl gëtt. Bis elo huet dat missen a virgeschriwwene Poole geschéien. Huet eng Gemeng eng Bëschsurface vun op d'mannst 20 Prozent vun hirem Territoire, brauche verschidden national Schutzoplage fir Déieren a Planzen net méi respektéiert ze ginn.
De Prinzip vum Recours en réformation
Juegdrevéier vu geschützten Aarte wéi zum Beispill Fliedermais brauchen nëmmen eng eenzeg Kéier kompenséiert ze ginn, dat nom Prinzip "une fois pour toutes". Generell gëtt d'Obligatioun fir Ëmweltimpaktstudien duerchzeféiere staark reduzéiert.
Weider gëllt an Zukunft de Prinzip vum Recours en réformation, amplaz wéi bis elo de Recours en annulation. Huet e Geriicht bis elo eng Decisioun annuléiert an d'Prozeduren hunn dann nees mussen ulafen, esou kann d'Geriicht elo och jugéieren, wat muss gemaach gi fir datt den Demandeur en règle ass.
Um Enn gëtt d'Bauen an der Gréngzon méi einfach: Vill Bagatellaarbechte musse just nach gemellt, net awer autoriséiert ginn.