arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi een Impakt huet d'Kënschtlech Intelligenz op d'Demokratien?

KI

|
reading time

4 min

Wéi een Impakt huet d'Kënschtlech Intelligenz op d'Demokratien?

Kënschtlech Intelligenz an Algorithme sinn net méi aus eisem Alldag ewechzedenken. Si liwweren a kuerzer Zäit Äntwerten op Froen, schreiwen Texter a generéiere Biller. Gläichzäiteg kënne se awer och geféierlech sinn.

reading time

4 min

KI Chatbots | © EPA/HANNIBAL HANSCHKE
KI Chatbots (Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

De Centre d’information Tiers Monde huet am Kader vun zwou Konferenzen de Jean-Lou Fourquet invitéiert, fir iwwer eng vun dëse Geforen ze schwätzen. De franséische Journalist huet ënner anerem fir d’Emissioun “Arrêt sur Image” geschafft an ass de Co-Auteur vum Buch “La dictature des algorithmes”.

Senger Meenung no geet e grousse Risk vu sougenannte Recommandatiouns-Algorithmen a Kënschtlecher Intelligenz aus, wann et ëm Demokratie geet.

Manktem u Regulatioun am Beräich KI

Ënner sougenannte Recommandatiouns-Algorithme versteet ee Systemer, déi automatesch entscheeden, wat mir op de Soziale Medien, op Internetsitten oder op Videoplattforme gewise kréien – also wéi eng Inhalter mir gesinn a wéi eng net. Si baséieren op eisem Online-Verhalen: wat mir klicken, wéi laang mir e Video kucken oder wat mir liken.

De gréisste Problem ass an dem Kader fir de Jean-Lou Fourquet de Manktem u Regulatioun. Wärend aner Secteure strenge Reegelen ënnerleien, kéinten Techkonzerner nei Technologien op de Marché bréngen, ouni hir méiglech Auswierkungen op d'Gesellschaft am Viraus noweisen ze mussen.

"Si on prend un secteur comme l'aéronautique: avant qu'Airbus mette un avion sur le marché, il doit prouver qu'il est sûr. Aujourd'hui, des systèmes qui influencent potentiellement des centaines de millions de personnes sont mis sur le marché sans qu'on demande de preuves sur leurs effets."

Wirtschaftleche Modell hanner KI

Fir de Jean-Lou Fourquet läit de Problem awer net onbedéngt bei der Technologie selwer, mee virun allem beim ekonomesche Modell dee sech hanner dëse Systemer verstoppt.

"Aujourd'hui, tous ces algorithmes, IA génératives comme IA de recommandation, c'est basé sur l'économie de l'attention. On transforme l'attention, le temps qu'on passe sur nos plateformes, en données pour prédire des comportements, qui vont être ensuite vendus à des annonceurs. Et pour arriver à le faire le plus efficacement possible, les plateformes hackent notre cognition."

Fir d'Benotzer also esou laang wéi méiglech op enger Plattform ze halen, géifen Algorithmen ëmmer nees Inhalter proposéieren, déi den eegene Meenungen entspriechen. Doduerch entsti sougenannten Echo-Chambers.

© picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | dts Nachrichtenagentur GmbH)

Eege Meenung gëtt ëmmer nees bestätegt

Dës Echo-Kummere konfrontéieren d'Leit virun allem mat Informatioune, déi hir eege Siicht op d'Welt bestätegen. 

"Une plateforme a plus d'intérêts à nous confirmer dans nos croyances, dans nos chambres d'échos. On va avoir plus d'intérêts à nous montrer des choses qui confirment nos croyances et une caricature des gens qui ne pensent pas comme nous. Si je suis de gauche, on va me montrer des caricatures de droite, et inversement."

De Jean-Lou Fourquet mécht sech dowéinst Suergen iwwer d’Konsequenze fir den demokrateschen Debat.

Keen demokrateschen Debat méi méiglech

Hie fäert, datt d’Leit duerch Recommandatioun-Algorithmen ëmmer manner mat anere Meenungen a Perspektive konfrontéiert ginn. Wa jidderee just nach Inhalter gesäit, déi zu senger eegener Siicht passen, gëtt et ëmmer méi schwéier an enger Gesellschaft mateneen ze diskutéieren a Leit mat enger anerer Meenung op Aenhéicht ze begéinen.

"C'est très difficile de faire une démocratie avec des gens qu'on a caricaturés. À la fin des faits, on vit tous ensemble. Et si on n'arrive pas à avoir cette discussion sans caricaturer l'autre, on ne peut pas avoir de débat démocratique."

Algorithme kënnen also beaflossen, wat mir gesinn a wéi mir eis Meenunge bilden.

Zäit fir Reegelen ze schafen

Mee si huet och e konkreeten Afloss op eist Gehier, an zwar op eis Opmierksamkeet, erkläert de Journalist Jean-Lou Fourquet.

"Pour baisser la friction, ces systèmes créent un univers où il n'y a plus besoin de faire aucun effort cognitif. Parce qu'à chaque effort cognitif, potentiellement, je sors de la plateforme. Et en fait, ces plateformes nous désentraînent à faire cet effort. Forcément, on devient moins fort à cette capacité attentionnelle."

Dat géif net nëmme Jonker betreffen, mee d'ganz Gesellschaft. Dofir misst een net nëmmen iwwer Technologie schwätzen, mee och iwwer d'Reegelen, déi fir si gëllen, esou nach de Jean-Lou Fourquet.

Hie fuerdert méi Transparenz a méi Verantwortung vun de Plattformen an der Politik, déi se reguléiere muss, fir Demokratie an digitalen Zäiten ze stäerken an ze erhalen.