Lëtzebuerg hat u sech ni Kolonien, allerdéngs war déi Lëtzebuergesch Aussepolitik un engem Matwierken intresséiert an och d‘Wirtschaftspolitik huet vu Kolonië wéi dem Belsche Kongo konnte profitéieren.
E kolonial gepräägte System
De Belsche Kongo spillt an deem Kader zwar eng zentral Roll, dem Yves Schmitz ass et awer wichteg ze betounen, datt d‘Lëtzebuerger Kolonialgeschicht sech net nëmmen do ofgespillt huet. Zum Beispill war Lëtzebuerg ganz aktiv a Regioune wéi Nordamerika, Südamerika an anere Regiounen an Afrika an Asien.
D‘Fro wéi eng Motivatioun déi Mënschen haten, déi an d‘Kolonië gaange sinn, ass zwar essentiel mee och genau sou schwéier ze beäntweren, seet de Yves Schmitz. D‘Motivatioune kënne ganz villsäiteg gewiescht sinn: Finanziell Ursaachen, kriminell Vergaangenheet, eng gewëssen Abenteuerromantik awer och d‘Missiounsaarbecht.
De Yves Schmitz huet fir säi Buch Biografien aus puer Joerhonnerten ënnersicht. Dobäi hätt hien erkannt, wéi vill Vilfalt an der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht stécht.
Keng Kolonialmuecht mee eng pro-kolonial Politik
Jiddefalls kéint ee soen, datt déi Lëtzebuerger Aussepolitik pro-kolonial war a ganz kloer d‘Siidler deemools ënnerstëtzt hätt an och mol Drock bei der belscher Regierung gemaach hätt.
Dem Yves Schmitz no, kéint een also roueg dat deemolegt Zitat hannerfroen. Dat ass an engem Kontext entstan, fir ganz kloer ze weisen, datt Lëtzebuerg näischt mat Kolonialismus ze dinn hätt an domat eng aner Positioun wéi Frankräich oder Groussbritannien hätt. Lëtzebuerg war zwar formell keng Kolonialmuecht, awer trotzdeem Deel vum koloniale System. Sou huet de Yves Schmitz et a sengem Buch geschriwwen.
Dat ass iwwregens zesumme mam Kënschtlerkollektiv Richtung22 entstanen. Den Yves Schmitz als Historiker huet d‘Recherchë gemaach an de Kënschtlerkollektiv war fir d‘Lektorat an de Layout zoustänneg.